Droit pénal spécial (Lëtzebuerg)
(Virugeleet vu(n) Droit pénal spécial)
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Droit pénal spécial ass d'Ausernanersetzen mat Infraktiounen.
De Lëtzebuerger Code pénal huet a sengem Buch 2 eng Lëscht vun 10 Kapitele mat Infraktiounen déi zu Lëtzebuerg strofbar sinn.
Kategorië vun Infraktiounen zu Lëtzebuerg
ännerenVerbrieche géint d'Staatssécherheet
änneren- Attentater oder Komplotter géint de Groussherzog, d'groussherzoglech Famill oder géint d'Form vun der Regierung.
- Attentater op Persounen déi internationale Schutz genéissen.
- Verbrieche géint déi baussenzeg Staatssécherheet.
- Verbrieche géint déi bannenzeg Staatssécherheet.
Verbriechen an Delikter géint d'Rechter déi an der Constitutioun garantéiert sinn.
änneren- Delikter déi d'Ausübe vun engem senge politesche Rechter verhënneren.
- Delikter géint d'Reliounsfräiheet.
- Verbriechen an Delikter déi e Beamten oder Fonctionnaire vum Staat géint déi konstitutionell geschützt Rechter verübt.
Verbrieche géint den ëffentleche Glawen
änneren- Produzéire vu Falschgeld.
- Fälsche vu Wäertpabéieren, Titren a soss Pabéieren.
- Fälschen an Nomache vun Timberen, Sigel,...
- Ausstelle vu falschen Dokumenter, mam Hannergedanken engem ze schueden.
- Fälsche vun ëffetlechen Dokumenter.
- Fälsche vun telegrapheschen Depeschen.
- Falschaussoen a Falschaussoen ënner Eed.
- Virtäusche vun enger Amtsmuecht. (Op Däitsch Amtsanmassung)
Verbriechen an Delikter vun Autoritéitspersoune géint déi ëffentlech Uerdnung
änneren- Illegaalt Zesummenschaffe vu Fonctionnairen.
- Iwwerschreide vun hire Kompetenzen duerch Fonctionnairen a Riichter.
- Verbriechen an Delikter am Zesummenhang mat dem Ausnotze vun enger Amtspositioun fir sech perséinlech ze beräicheren an/oder dem Zerstéiere vun Dokumenter am Zesummenhang mat sou enger Strofdot.
- Mëssbrauch vun enger Autoritéitspositioun (Op Däitsch Amtsmissbrauch)
- Ausübe vun enger Autoritéitspositioun iert ee se huet, oder nodeem s'op en Enn gaangen ass.
- Delikter am Zesummenhang mam Etat civil.
- Infraktioune vu reliéisen Autoritéitspersounen.
Verbriechen an Delikter vun Net-Autoritéitspersoune géint déi ëffentlech Uerdnung
änneren- Rebelliounen an Opstänn.
- Gewalt a Beleidegung géint Ministeren, Membere vun der Chamber oder d'Staatsmuecht.
- Onerlaabt Brieche vun engem Sigel.
- Onerlaabt Verhënnere vun ëffentlechen Aarbechten.
- Verbriechen an Delikter vu Fournisseure vun ëffentlechen Institutiounen (ë. a. d'Arméi).
- Schreiwen a Publizéieren, ouni den Numm vum Auteur an/oder dem Responsabelen unzeginn.
- Infraktiounen am Zesummenhang mat de Loterien, Gléckspill an dem Verléine vu Sue géint e Pand, déi keng ministeriell Autorisatioun hunn.
- Infraktiounen am Zesummenhang mat der Industrie, dem Handel an den ëffentleche Steeën.
- Verschidden aner Infraktiounen, ënner anerem falschen Alarm ausléisen.
Verbriechen an Delikter géint d'ëffentlech Sécherheet
änneren- Schléisse vu kriminellen Organisatiounen a Kollaboratioun mam Zil anere Mënsche kierperleche Schued unzedoen oder hiert Eegentum ze degradéieren oder ewechzehuelen.
- Attentatsdrohungen oder Offere verschidde Verbriechen ze maachen.
- Ausbroch vu Gefaangen.
- Hehlerei.
- Delikter géint déi ëffentlech Sécherheet déi vu Strummerten an Heescheleit gemaach ginn.
Verbriechen an Delikter géint d'Uerdnung an der Famill a géint d'ëffentlech Moral
änneren- Ofdreiwung.
- Kanner aussetzen an zeréckloossen.
- Verbriechen an Delikter déi den Etat civil vun engem Kand zerstéieren.
- Entféiere vun engem Kand.
- "Attentat à la pudeur" a Vergewaltegung.
- Zuhälterei.
- Mënschenhandel.
- Frevleresch Handlunge géint déi ëffentlech Moral.
- Bigamie.
- Am Stachloosse vun der Famill a falsch Onfäegkeet fir ze Bezuelen.
Verbriechen an Delikter géint Persounen
änneren- Fräiwëllegen Doudschlag a Kierperverletzung.
- Onfräiwellegen Doudschlag a Kierperverletzung.
- En Duell fuerderen an en Duell unhuelen.
- Verletzung vun der Fräiheet vum Eenzelen a vum Doheem.
- Geiselen huelen.
- Obsessiv Belästegung (Stalking).
- Verletzung vun der Wierd vun engem Mënsch oder vu sengem Ruff.
- Verbriechen an Delikter déi duerch Rassismuss, de Wëllen de politesche System z'änneren, oder soss Diskriminatioune motivéiert sinn.
- Verbuet fir gewësse Beruffsgruppe fir iwwer hir Handlungen ze schwätzen.(Affekoten, Dokteren,...) D'Bankgeheimnis ass eng Ofleedung dovun.
Verbriechen an Delikter géint d'Eegentum
änneren- Klauen an Erpressung.
- Bedruch.
- Zerstéieren, degradéieren a beschiedege vu friemem Eegentum.
Verstéiss
änneren- Verstéiss vun der éischter Klass.
- Verstéiss vun der zweeter Klass.
- Verstéiss vun der drëtter Klass.
- Verstéiss vun der véierter Klass.