Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Drama als Filmgenre. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Drama.

E Filmdrama, meescht einfach Drama genannt, ass e Genre Film, generell e Spillfilm oder e Kuerzfilm, an deem emotionell Theeme behandelt ginn an an deem tëschemënschlech Konfliktsituatiounen dominéieren. Generell gi bestëmmte perséinlech Entwécklunge vun engem oder méi Haaptpersonnage am Laf vun der Geschicht gewisen. De Genre ass dorop ausgeriicht, datt den Zuschauer sech an d'Personnage kann era fillen.[1]

Beschreiwung änneren

De Genre Drama ass relativ onspezifesch an ëmfaasst e ganze Spektrum vu Filmer. Krichsdramaen, Geriichtsdramaen[2], historesch Dramaen a Filmbiographië gëllen all als Ënnerkategorie vum Drama. All Filmgenre kann dramatesch Elementer enthalen, beim Drama sinn déi dramatesch Elementer just den Haapttheema.[1] Dramatesch Theeme si villfälteg a kënnen zum Beispill aktuell gesellschaftlech Problemer behandelen, oder Drogemëssbrauch an Alkoholkonsum, Aarmut, politesch Onrouen, Korruptioun vun der Muecht, Diskriminatioun (Rassismus, Antisemitismus, Sexismus), psychesch Stéierungen a vill aner Theemen.[3]

Am Zentrum vun engem Filmdrama sti Persounen, déi eng Kris duerchliewen oder virun Erausfuerderunge stinn, déi hiert Liewe veränneren. Grond kann den Zoufall sinn, oder och Verloscht oder well si verfollegt ginn. Am Drama geet et ëm perséinlech Wäerter, an dowéinst dréint den Drama meeschtens net nëmmen ëm een Haaptpersonnage, mä och ëm deem säin Ëmfeld a wéi dat mat deem sengen Hoffnungen, Wënsch an Angscht ëmgeet.[4]

Als Géigesaz zum Drama kann een den Actionfilm gesinn, deen haaptsächlech op séier Aktiounen a Personnagen opbaut, déi méi iwwerflächlech entwéckelt sinn.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Definitioun vun "Drama Movies" op filmbug.com (net datéiert, gekuckt de 5. Januar 2022)
  2. op Englesch: "legal drama" oder "courtroom drama"
  3. Definitioun vun "Drama Films" op filmsite.org (net datéiert, gekuckt de 5. Januar 2022)
  4. Definitioun vun "Drama" um Lexikon der Filmbegriffe (12. Oktober 2012)