Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Dräidar (Rhamnus cathartica) ass en Trausch aus der Famill vun de Rhamnaceae, deen an Europa, Asien an Afrika doheem ass.

Dräidar
Dräidar
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Ënnerklass Rosidae
Uerdnung Rosales
Famill Rhamnaceae
Gattung Rhamnus
Wëssenschaftlechen Numm
Rhamnus cathartica
L.
Rhamnus cathartica

Als Trausch gëtt den Dräidar bis zu 3 Meter an als Beemche bis zu 6 Meter héich, a ka sou bis zu 100 Joer al ginn. En huet Dären, dohier säin Numm. Seng kleng, schwaarz Biere si gëfteg a kënne gedréchent als Laxatif gebraucht ginn. De botaneschen Numm weist doropshin (algrichesch: katarthikos heescht rengegen). Seng geschielt Stiller gi gebraucht fir Drëppen unzemaachen.

Lëtzebuergesch Nimm änneren

Den Henri Klees (1972) nennt fir de Rhamnus cathartica och nach déi heite lëtzebuergesch Nimm: Porjéierdar, Schäissdar (wéinst der purgativer Wierkung vun de Friichten) a Weedar. Si sinn awer kaum nach am Gebrauch.

Den Dräidar zu Lëtzebuerg änneren

Zu Iener steet en Dräidar, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt.
Kuckt duerzou: Dräidar zu Iener.

Literatur änneren

  • Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach-und Volkskunde Nr. VIII. Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie. Dréckerei Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht. 187 S. (Cf. S. 61).

Um Spaweck änneren

Commons: Rhamnus cathartica – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Blieder a Friichten.