Dräi Läichen zu Koplescht

Dräi Läichen zu Koplescht ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Rich Ruppel, deen 2014 bei den Éditions Schortgen erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman? änneren

Eng Fra vu 36 Joer gëtt beim Bushaischen ënnen am Kopleschter Bierg erstach. Duerno ass hir Läich am Direndall bei der Mamer ofgeluecht ginn. De Kommissär Mathes a seng Ekippe ermëttelen an där Affär. Zéng Deeg méi spéit, den 11. August gëtt eng zweet weiblech Läich op der selwechter Plaz fonnt. Dat zweet Affer gläicht physesch dem éischten an huet grad sou eng déidlech Verletzung. Ee Seriemäerder ass ënnerwee. Et wäert och nach een drëtte Muerd ginn, wéi den Titel eis scho verréit.

De Kommissär a seng Leit hunn an der Tëschenzäit e puer Verdächteger an och e puer Zeien opgedriwwen, mä kënnen dee Schëllegen net sou ouni Weideres fannen.

Personnagen änneren

De Jos Mathes ass Kommissär vun der Mordkommissioun. Him zur Säit stinn: den Inspekter Jang Bourg, de Computerspezialist Pol Schweitzer an d'Assistentin Sylvie Dumont.

Déi dräi Läiche gi vum Geriichtsdokter René Muller op der Plaz an a sengem Autopsiekeller grëndlech ënnersicht. Eng Rëtsch vun DNA-Analyse bréngen och net déi erhofft Resultater.

Zwéin Zeien, de Marc Hoffmann an den Ivo Korvac, widdersprieche sech. Domat wier eppes unzefänken, awer sou séier geet dat och net.

Soss änneren

Dräi Läichen zu Koplescht ass ee Policeroman a weist, datt ouni kriminaltechnesch Ënnersichungen näischt méi am moderne Kriminalroman geet, grad sou wéi verschidde Spezialisatiounen an der Ekippe vun den Ermëttler noutwendeg sinn. Et gehéiert zum Realismus vum Policeroman, datt e puer Affäre gläichzäiteg verfollegt ginn, och wa se näischt mateneen ze dinn hunn, mä dat weess en eréischt zum Schluss.

De Roman huet staark Charakteristike vun engem Thriller, well et dorëm geet ee Seriemäerder ze fannen, ier deen op en Neits kann zouschloen. Leider ass et awer just déi drëtt Läich, déi den entscheedenden Hiwäis bréngt. Schlussendlech brauch et an dëser Affär eng zousätzlech psychiatresch Exploratioun fir d'Liicht an dem Seriemäerder säi Motiv ze bréngen.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen änneren