Eng Verletzung oder eng Blessur ass eng physiologesch Schiedegung vun engem Liewewiesen, sief et beim Mënsch, beim Déier oder bei enger Planz.

Eng Wonn um Fouss vun engem Mënsch, déi vun engem Bluttsëffer verursaacht gouf.

Verletzunge kënnen op villfälteg Manéiere verursaacht ginn, zum Beispill mechanesch duerch d'Andrénge vu schaarfe Géigestänn wéi Zänn oder engem Messer, oder duerch en heftegen Opprall, bei deem d'Kierperuewerfläch zwar intakt bleift, mee dat am Kierper beschiedegt gëtt. Och Hëtzt, Keelt a Gëft kann de Kierper verletzen.

Bei villen Déierenaarten a beim Mënsch léise Blessuren eng Entzündungsreaktioun aus, déi d'Heelung vun der Wonn ureegt. Souwuel bei de Planze wéi och bei den Déiere ginn dacks Substanze fräigesat, déi dozou bäidroen, d'Wonn ze verschléissen, fir de Verloscht vu Flëssegkeet an d'Andrénge vu Krankheetserreeger wéi Bakteerien ze begrenzen. Vill Liewewiese scheeden antimikrobiell Chemikalien aus, déi d'Infektioun vun der Wonn aschränken. Doriwwer eraus hu vill Déieren Immunreaktiounen, déi de selwechten Zweck erfëllen. Souwuel Planze wéi och Déieren hu Regeneratiounsmechanismussen, déi zu enger vollstänneger oder enger deelweiser Heelung vun der Wonn féiere kënnen.

Am iwwerdroene Sënn kann eng Verletzung och e Verstouss géint eppes bezeechnen, zum Beispill eng Verletzung vun de Mënscherechter.

Um Spaweck änneren

Commons: Verletzungen – Biller, Videoen oder Audiodateien