Déi natierlech Zuel Dräi ass d'Nofollgerin vun der Zwee an d'Virgängerin vun der Véier. Et ass déi éischt ongerued Primzuel.

3
Dräi
Primzuel, Mersenne-Primzuel, Dräieckszuel, natierlech Zuel, ongerued Zuel, Fibonacci-Zuel, Mersenne-Zuel, net-negativ ganz Zuel, Harshad-Zuel
Virgänger Zwee
Nofollger Véier
Ordinalzuel drëtt
Eegenschaften
Primfacteur(en) 3
Deeler 1, 3
Zuel vun Dezimalzifferen 1
Aner Duerstellungen
Réimesch III
Binär 11
Oktal 3
Duodezimal 3
Hexadezimal 3

Dat réimescht Zeeche fir d'Dräi ass III.

Dräi ass och déi éischt Mersenne-Primzuel, déi éischt Fermat-Primzuel, déi zweet Sophie-Germain-Primzuel, an déi véiert Zuel vun der Fibonacci-Serie.

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Dräi d'Uerdnungszuel vum Lithium.

Dräi an der Konscht

änneren

E Konschtwierk, dat aus dräi Deeler besteet, ass en Triptychon; an der Musek oder an der Literatur gëtt et Trilogie genannt.

  • Eng Grupp vun dräi Leit, absënns an der Musek, ass en Trio.
  • Dräi Gesëschter, déi mateneen op d'Welt koumen, ginn Drillinge genannt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Dräi – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Dräi Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen