D'Donwerbaach zu Ohn.

D'Quell vun der Donwerbaach ass eng ronn 1.500 Meter südlech vu Fluessweller am Déifebaacherbësch op enger Héicht vun 310 Meter.

Duerno leeft d'Baach laanscht Uewerdonwen an Nidderdonwen, duerch Ohn, a leeft do op enger Héicht vun 136,70 Meter an d'Musel. D'Donwerbaach ass 9,4 Kilometer laang. Si huet nieft der Ohner Millen nach d'Nidderdonwener Iewescht Millen an d'Nidderdonwener Bockemille gedriwwen.

Kuckt ochÄnneren