Den Donald Howard Menzel, gebuer den 11. Abrëll 1901 zu Florence, Colorado a gestuerwen de 14. Dezember 1976 zu Boston, Massachusetts war en US-amerikaneschen Astronom.

Donald Howard Menzel
Gebuer 11. Abrëll 1901
Gestuerwen 14. Dezember 1976
Boston
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit,
University of Colorado
Aktivitéit Astronom, Ufolog, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

De Menzel hat op der University of Denver studéiert a krut säi Ph.D. uschléissend op der Princeton Universitéit. Hien huet bis 1932 um Lick-Observatoire geschafft a krut duerno eng Plaz op der Harvard Universitéit. Vun 1954 bis 1956 war hie President vun der American Astronomical Society.

De Menzel hat am Ufank um Gebitt vun der Sonnefuerschung geschafft, hat sech awer spéider fir d'Gasniwwelen entscheet. 1922 entdeckt hien déi spéider no him genannt Planetaresch Niwwelen Menzel 1, Menzel 2 a Menzel 3.[1] D'grondleeënd Prinzipie vu Planetareschen Niwwele formuléiert hien zesumme mam Lawrence Aller an dem James G. Baker.[2]

Geschriwwen hat hien ë. a. A Field Guide to the Stars and Planets, Deel vu Peterson Field Guides. Nieft senger wëssenschaftlecher Aarbecht hat de Menzel och zu deenen Astronome gehéiert, déi Berichter iwwer méiglech UFO-Observatiounen ëmmer nees hannerfrot huet. Hien huet sech an dräi Bicher mat der Problematik beschäftegt: Flying Saucers (1953), The World Of Flying Saucers: A Scientific Examination of a Major Myth of the Space Age (1963) an The UFO Enigma: The Definitive Explanation of the UFO Phenomenon (1977). De Menzel erkläert 1968 virum U.S. House Committee on Science and Astronautics, all UFO-Observatioune sinn duerch natierlech Phenonemer z'erklären.

1976 krut hien de Jules-Janssen-Präis. Nom Menzel gouf den Asteroid (1967) Menzel an de Moundkrater Menzel genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Harlow Shapley: Five new planetary Nebulae, 1922BHarO.777R...3S
  2. Donald H. Menzel: Physical Processes in Gaseous Nebulae. I., 1937ApJ....85..330M und folgende