Doheem (Film)
Film
Doheem ass en Documentaire vum Lëtzebuerger Regisseur Christophe Wagner aus dem Joer 2005.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 2005 |
Dauer | 57 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch, Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Christophe Wagner |
Dréibuch | Christophe Wagner |
Fotografie | Alex Aach |
Produzent | Anne Schroeder (Samsa Film) |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Film beschreift d'Liewe vu Kanner a Jugendlechen, déi an engem Foyer d'accueil liewen.
Temoignagë vu Sozialaarbechter a vu Leit, déi als Kanner a sou engem Foyer opgewuess sinn, beliichten aus ënnerschiddleche Perspektiven, wéi des Kanner a jonk Leit versichen, hiert Gefillsliewen an d'Ufuerderunge vun der Gesellschaft ze meeschteren, an och, wat fir eng Roll d'Sozialaarbechter dobäi spillen.
GielercherÄnneren
Beim 2. Lëtzebuerger Filmpräis huet d'Jury dem Regisseur Christophe Wagner eng Mention spéciale ausgeschwat "fir säi Courage, am Film Doheem en aktuellen a ganz delikate Sujet ze traitéieren".[1]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Doheem op samsa.lu (fr)
- Doheem op filmfund.lu (fr) / (en)
ReferenzenÄnneren
- ↑ filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2005 (gekuckt den 23. November 2021)