Jean-Paul Endré
lëtzebuergesche Museker an Auteur
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Paul Endré, och bekannt ënner dem Pseudonym Teacher, gebuer den 31. Juli 1960 zu Esch-Uelzecht[1], an och do gestuerwen de 17. August 2024[2],[3], war e lëtzebuergesche Museker an Auteur.
Jean-Paul Endré | |
---|---|
Gebuer |
31. Juli 1960 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
17. August 2024 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Liewen a Karriär
ännerenNo senger Première 1977 am Escher Jongelycée huet de Jean-Paul Endré fir Schoulmeeschter studéiert a vun 1981 un an deem Beruff geschafft.[1]
Hie war 1983 Grënnungsmember a Frontmann vun der Rockmusek-Band Djuju.[2]
2002 war hien Auteur vun engem Kannerbuch mam Titel Edgar der Rabe, Eine Geschichte für Kinder und Erwachsene.
Um Spaweck
änneren- Marco Goetz: „Zum Tode von Djuju-Gründer 'Teacher' Jean-Paul Endré: Sanfte Stimme, harte Gitarre, gute Laune.“ Noruff op tageblatt.lu, 20.08.2024.
- Tom Rüdell: „Djuju-Frontmann 'Teacher' Endré ist tot.“ Noruff op wort.lu, 19.08.2024.
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Fiche op autorenlexikon.lu; nogekuckt: 19.08.2024.
- ↑ 2,0 2,1 „De Jean-Paul Endré ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen.“ rtl.lu, 19.08.2024.
- ↑ Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 21. August 2024, S. 34