Diskussioun:Samsa Film
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer vum Bdx am Sujet Untitled
Untitled
ännerenMoien
An dësem Artikel stëmmt en etleches net.
Et gëtt mol éischtens zwou SAMSA-film.
Eng Asbl vun 1986 déi awer anscheinend net méi aktiv ass, vun där awer hei d'Grënnungsjoer opgefouert ass. ???
an eng SARL vun 1989 déi zanter 2011 komplett der CODECA, S.à r.l., gehéiert. Déi Leit déi hei ernimmt ginn, ware just eng Zäit Associen awer net méi haut. --91.180.96.39 05:44, 4. Mee 2018 (UTC)
- Ech sinn eng Kéier iwwer den Artikel gaangen, mee leider fënnt ee bal keng Informatiounen iwwer "Samsa Film" a "Codeca". Et wier interessant, wann een, deen dat kann, an de Mémorial (oder wou och ëmmer een Informatiounen iwwer Entreprisen an Associatioun fënnt) géif kucken an dann d'Quelle hei hi géif pechen. --Bdx (Diskussioun) 14:29, 27. Dez. 2021 (UTC)
- den 18. September 2002 huet CODECA Samsa Film opkaaft. (Mémorial C — N° 1575)
- 'n Owend
- Souwäit ech dat eraus fonn hunn: Samsa huet hautdesdaags als eenzegen Aktionär d'Firma Codeca sàrl [1], déi hierersäist dem Michaux / Thiltges / Waringo gehéiert[2]. GilPe (Diskussioun) 20:43, 27. Dez. 2021 (UTC)
Merci fir déi Informatiounen! --Bdx (Diskussioun) 13:31, 3. Jan. 2022 (UTC)
- ↑ D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(fr)Luxembourg Business Registers, [1]. www.lbr.lu (14.11.2011). Gekuckt de(n) 27.12.2021.
- ↑ D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(fr)LBR, [2]. www.lbr.lu (07.09.2021). Gekuckt de(n) 27.12.2021.