Diskussioun:Péiteng

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Pecalux in Abschnitt Tram

Geographie änneren

Péiteng am Süd-Westen vu Lëtzebuerg. D'Gemeng Péiteng ass ëmginn vun de Gemengen Nidderkäerjeng an Déifferdeng lëtzebuergersäits an de Gemengen Mont-Saint Martin op franséischer Säit an Athus op der belscher Säit.

Ech mengen Attem wir keng Gemeng, ausser daat hätt gant rezent changéieert. Weess een do méi. Les Meloures 10:15, 21 Oktober 2006 (UTC)

Attem ass zanter e puer Joer keng eege Gemeng méi a gehéiert haut zur Gemeng Éibeng. Souwäit zu denger Fro. An elo zu de franséische Grenzgemengen. Dat muss op jiddefall nogekuckt gin, well am Frankräich praktesch all klengt Heckenduerf eng eege Gemeng ass. An deem Fall kann et sinn dass Longlaville, Herserange an Saulnes och Grenzgemnge sinn. --Pecalux 12:44, 21 Oktober 2006 (UTC)

Froen un den Zinneke: änneren

  1. Du hues verschidden Datummen, déi historesch beluegt sinn, geläscht. Firwat? Firwat eppes läschen wat net falsch ass a wat kengem wéi deet?
  2. Du schreiws am Abschnitt "Geschicht" vun der Gemeng: Dësen Zouwuess ass am 19. Joerhonnert geschitt, wéi ..... Ëm watfireen Zouwuess handelt et sech hei? Wäit a breet steet näischt wourop "dësen" sech kinnt bezéien. Ech hun d'Gefill wéi wann dee Saz an den Abschnitt "Bevëlkerungsentwécklung" ging gehéieren. --Pecalux 18:24, 7 Januar 2007 (UTC)

Moie Pecalux änneren

Also dat do ass eng Première: Ech gesinn am Historique, datt ech Saache soll geännert hunn (an déi och am Text geännert sinn), déi ech guer net gemaach hunn! Alles, wat ech virun e puer Stonnen éditéiert hat, war, "vu Lëtzebuerg" hannert den "Heinrich de Blonden" ze setzen, well et deen Artikel gëtt (dofir mäi Commentaire "blond gëtt blo"). Wéi déi aner Ännerungen zustane komm sinn, a firwat déi ënnert mengem Numm stinn, ass mer e komplett Rätsel... (an ech giff emol mengen, ech si, wéi virun e puer Stonnen och, bei klorem Verstand). Meng eenzeg Erklärung ass, dass d'Software mol nees den Hick huet an iergend eppes eeleres ofgespäichert huet. Wéi och ëmmer: Ech sëtzen dat natierlech op deng Versioun zeréck a maache meng Ännnerung dann nach eng Kéier. --Zinneke 19:56, 7 Januar 2007 (UTC)

Léif Leit: De Fall, datt Saache verluer ginn, wann een iergendeppes Klenges ännert, hat ech schonns zwee Mol; an all Kéier war ee schrecklech rosen, wat mech géif ugoen. Eng Kéier krut ech souguer dat Wuert Vandal an de Kapp gehäit. Also, dat ass eppes Lästeges a Peinleches. et war de Server. Gitt iech eng Bees, an da rullt et erëm :-) --Cornischong 20:58, 7 Januar 2007 (UTC)

Léiwen Zinneke, léiwe Cornischong. Ech well just nach soen dass ech net béis war en et och net esou séier ginn. Ech hu nëmmen déi Ennerunge festgestallt a mech beim vermeintlechen Auteur ëm seng Beweeggrënn informéiert. Merci fir äer Äntwerten, eng Bees ass dovir nach net néideg, gëtt awer gär acceptéiert. --Pecalux 08:39, 8 Januar 2007 (UTC)

Den UFO-Tanks änneren

Zënter enger Zäitche steet am Artikel dem Tweety seng Foto vun engem UFO-Tanks, ouni ee Wuert Erklärung, ouni Lizenz, awer mat Tanks. Wat ass domat lass? Waarde mer bis datt en nees fortflitt? --Cornischong 10:18, 3 Juli 2007 (UTC)

Dësen UFO-Tanks, wéi's du e nenns, ass keen Tanks mee e gepanzert Opklärungsgefier vun der amerikanescher Arméi. Et ass genau dee Modell deen de 9. September 1944 als éischt amerikanescht Gefier hei am Land vun de Preisen zerstéiert gouf a wou gläichzäiteg deen éischten amerikaneschen Zaldot op Lëtzebuerger Buedem gefall ass. Du brauchs keng Angscht ze hunn, e flitt nach esou bal net fort. --Pecalux 10:26, 3 Juli 2007 (UTC)

Tram änneren

Moien,

Fréier soll mol en Tram zu Péiteng gefuer sinn. Weess vläicht ee méi doriwwer? --Les Meloures 22:51, 16. Nov. 2011 (UTC)Äntweren

Jo. Dat war den TICE. An zwar d'Streck Esch - Bieles - Uewerkuer - Déifferdeng - Nidderkuer - Biff - Péiteng - Rodange frontière mat enger Antenne bis bei d'Rodanger Kierch. --Pecalux 07:40, 17. Nov. 2011 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Péiteng".