Diskussioun:Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)

Leschte Kommentar: viru(n) 4 Méint vum AlexTheEmperorPenguin am Sujet Associatiounen

Videosäit zereckgesat

änneren

Moien,

Ech wonnere mech firwat de Rumble-Kanal vun hinnen, deen eng vun hiren Kommunikatiounsplattformen ass, eweggeholl gouf? @WikiBayerhuet déi Ännerung Réckgängeg gemaach gehat mee et ass net kloer firwat. AlexTheEmperorPenguin (Diskussioun) 17:07, 10. Aug. 2024 (UTC)Äntweren

Unneeden not relevant weblink WikiBayer (Diskussioun) 17:13, 10. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Firwat ass deen da net relevant? Et ass hire Kanal wou si, sou wei aner Parteien och, hir Videoen publizéieren. De Bezuch an d'Relevanz schéngt fir mech do ze sinn. AlexTheEmperorPenguin (Diskussioun) 17:32, 10. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Moien, ech weess och net, firwat de @WikiBayer de Link ewech geholl huet, well e sech net besonnesch ausféierlech erkläert huet, mee nodeems ech d'Saach vu lénks a vu riets beduecht hunn, froen ech mech, ob de Knackpunkt net den Ënnerscheed tëscht engem Rumble-Channel an engem Rumble-User ass. Op Wikidata kann een nämlech iwwer d'Eegenschaft Rumble-Kanal (P11962) de Rumble-Channel vun engem Sujet uginn, et ass awer net méiglech ee Rumble-User ze saiséieren. Dat kéint dorop hiweisen, datt eng User-Säit als net „offiziell“ genuch ugesi gëtt, am Géigesaz zu enger Channel-Säit (wéi ech se bei politesche Parteien eigentlech erwaarde géif).
Dat sinn awer just meng perséinlech Spekulatiounen.
--Volvox (Diskussioun) 21:28, 10. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Woubäi dee "User" de Numm vun der Partei huet. AlexTheEmperorPenguin (Diskussioun) 21:57, 10. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Den Numm aleng wëll zwar net vill heeschen, mee hei zweifelen ech awer net dorunner, datt dës Rumble-Säit vu Leit vu Mir d'Vollek bedriwwe gëtt. Ech weess och net, firwat en ewech geholl gouf an dofir hunn ech e lo einfach mol rëm derbäigesat. Villäicht bleift e jo stoen...
--Volvox (Diskussioun) 22:23, 10. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Ass d'Wikipedia elo eng Platform ginn fir politescht Gebraddels breetzetrëppelen. Wa jo da misst dat fir all Partei gemaach ginn. Ech stelle just fest datt un dësem Artikel an an dem vun der D'Partei haaptsächlech vu Parteigänger geschafft gëtt wat keng Garantie fir gutt enzyklopedesch Aarbecht an Neutralitéit ass. --2A02:A03F:A199:6C00:6032:B600:3366:278D 09:06, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Fir op all Punkt anzegoen:
„Ass d'Wikipedia elo eng Platform ginn fir politescht Gebraddels breetzetrëppelen.“
Nach ni. An dat ass och hei net de Fall. Wann just ee Link derbäigesat gëtt, ka keng Ried si vu „Gebraddels breettrëppelen“, och wann d'Fro nach ëmmer oppe bleift, op dee Link „enzyklopedesch relevant“ ass. Mir si keng Reegele vun der Lëtzebuerger Wikipedia bekannt, déi kloer Krittäre fir sou eng Beurteelung liwweren, dofir wier et gutt, wann nach e puer aner Leit sech dozou äussere géifen, ë. a. och fir d'Fro net nëmmen an dësem Spezialfall, mee fir den allgemenge Fall ze klären, wéi mat Social-Media-Linken ëmzegoen ass. Do komme mer spontan e puer Froen an de Sënn:
  1. Wann ee Sujet „relevant“ ass (an deem Sënn, datt en en Artikel verdéngt huet), ass et da begrënnt all Social-Media-Profiller vun deem Sujet derbäizesetzen?
  2. Oder hängt et vum Sujet oder der Natur vum Sujet of, wat fir Social-Media-Plattforme jeeweils als (potenziell) relevant unzegesi sinn?
  3. Oder hängt et (eventuell zousätzlech zum virege Punkt) och nach vum Contenu (oder der Qualitéit vum Contenu) vum jeeweilege Social-Media-Profil of, ob et als relevant unzegesinn ass?
Ech erlabe mer mol e puer aner Leit, déi momentan hei ganz aktiv sinn, no hirer Meenung ze froen: @Les Meloures, @Mobby 12, @Johnny Chicago, @Zinneke, @GilPe, @Robby, @Marko Kafé.
„Wa jo da misst dat fir all Partei gemaach ginn.“
Wann ech „dat“ lo mol fräi als „Linken op Social-Media-Profiller derbäisetzen“ interpretéieren, dann ass dat de Fall. Am Allgemenge gi Facebook-, Twitter- an Instagram-Linken iwwert d'Schabloun:Autoritéitskontroll agebonnen. Vill Säiten hunn nach keng Autoritéitskontrollschabloun an hirem Artikel, well dat dauert, déi iwwerall bäizesetzen (a jeeweils z'iwwerpréiwen, ob et iwwerhaapt eppes bäizesetze gëtt), mee all aktuell Parteien hei am Land, fir déi et eppes unzeweise gëtt, hu lo hir Autoritéistkontroll-Këscht mat deene Linken. Aktuell gëtt Rumble awer – wéi och YouTube z. B. – op der lb.wikipedia net an der Autoritéitskontroll-Këscht affichéiert.
„Ech stelle just fest datt un dësem Artikel an an dem vun der D'Partei haaptsächlech vu Parteigänger geschafft gëtt wat keng Garantie fir gutt enzyklopedesch Aarbecht an Neutralitéit ass.“
Et ass absolut richteg, datt et kritesch ze betruechten ass, wann un engem Artikel vum Sujet resp. vu Leit, déi mam Sujet affiliéiert sinn, selwer geschafft gëtt. Dat mindest, wat een do maache muss, ass genee iwwer déi jeeweileg Ännerungen ze kucken. Wat déi zwee konkret genannte Beispiller ugeet, kann et gutt sinn, datt de Partei-Artikel vu Parteigänger geschriwwe gouf, mee wann ee sech den Historique vu Mir d'Vollek ukuckt, gesäit een awer, datt dat hei net de Fall ze si schéngt.
--Volvox (Diskussioun) 09:48, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Wann een dem AlexTheEmperorPenguin seng Kontributioune kuckt an dann och seng Äntwert an der Diskussioun Isekin, da geet kloer ervir dat hien deene Parteie ganz no steet a wéinstens an enger en intime Member ass, soss kéint e veschidden Informatiounen net hunn. --2A02:A03F:A199:6C00:6032:B600:3366:278D 10:53, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Wei schonn an enger anerer Diskussioun gesot, gouf et en Diskuer mat mir a Representanten fir un Daten ze kommen och fir u Quellen/Beleeg ze kommen. Dat wat net beluecht war, wat s du genannt hues, ass jo ausgeklammert ginn an eng Nofro gemach ginn fir hëllef un déi néideg Quellen ze kommen. Et handelt sech dobäi net em eng geheim Verhandlung, soumatt sollt jo enzweg eng Quell ze fanne sinn. Et sief och gesot datt zu den anere Klengparteien scho vill mei Informatiounen op Wikipedia ginn, soumat net onbedéngt mussen Ännerunge gemach ginn, awer ech och déi aner ëmmer rem kucken op Ännerunge néideg wieren.
Ob ech enger politescher Organisatioun nostinn oder net sollt keng Relevanz hunn zum Contenue, dat kéint een soss all Wikipediauser virgeheien deen sech gären mat engem Thema beschäftegt. D'Neutralitéit ass immens wichteg fir Wikipedia-Artikelen.
Ech hu just a Fro gestallt, an dat ass jo och em wat et hei geet, ob déi rumble-säit dohi gehéiert oder net. Wa net dann ass se elo fort wa jo da setze mir se erem derbäi.
Mir ass et egal ob dee Link an den Artikel kënnt oder net, des Diskussioun war reng opklärerescher Natur zu engem "revert".
Ech sinn am allgemengen interesséiert u klenge Parteien an kucken ëmmer wann ech eppes fannen dann och an de Wikipediaartikelen ob een dat kéint derbäi ergänzen. Lëtzebuerger Klengparteien si nuwell net am Internet esou verbreet, wann och medial aktiv a net onbekannt. Gëschter zum Beispill wollt ech mech em veraalte Linke këmmeren, Leider ass den IA-Bot iwwerlaascht gewiescht.
Loosst eis mol klären ob deen Link soll oder net soll, oder ob et eng Begrënnung gëtt oder net, a neen ech si net affiliéiert mat "mir d'Vollék" an hale meng perséinlech Meenung zu dëser Organisatioun fir mech. Et bréngt näischt sech hei een géint deen aneren opzehetzen.
Den Ännerungshistorique vun der Partei ass nawell vill vu mir, ech hat deen och erstallt gehat well et e nach net gouf, mee si si vill medial opgetratt, do duecht ech mir datt eng Relevanz bestoe géif. Ech hat si kontaktéiert fir u Quellen ze kommen an en Artikel ze erstellen. De Gros sinn Awer Saachen déi ech selwer recherchéiert hunn an online fonnt hat. AlexTheEmperorPenguin (Diskussioun) 13:15, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren

Associatiounen

änneren

Op der offizieller Websäit gi follgend Associatiounen opgelëscht steet am Artikel.

Als wat sinn déi opgelëscht? Wat stellen déi Associatioune fir d'Partei duer? --2A02:A03F:A199:6C00:8104:7DCA:9F33:963 16:43, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Dat sinn deels Associatiounen/Beweegungen/Kanéil déi entweder vu Membere vun hinnen geleet ginn, oder mat deenen si sech identifizéieren a wou Publikatiounen vun oder iwwert si gemaach goufen/ginn.
Ech hunn elo keng Lëscht fonnt op hirem Site. Mee en direkte Lien zu hirer Partei gesinn ech perséinlech elo net, besonnesch well de Gros schonn existéiert huet befier déi Partei gegrënnt gouf. AlexTheEmperorPenguin (Diskussioun) 18:30, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)".