Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)
politesch Partei zu Lëtzebuerg
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mir d'Vollek ass eng Lëtzebuerger politesch Partei. Si gouf am Oktober 2021 vum Jean-Marie Jacoby, Peter Freitag an dem Toni Fernandes gegrënnt[1], am Kontext vun de Protester vun den Impfgéigner géint d'Politik zur COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg. D'Partei versteet sech als Oppositiounspartei[2] an huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.[3]
Mir d'Vollek | |
---|---|
Ofkierzung | MV |
Gegrënnt | 2021 |
Parteizentral | Stad Lëtzebuerg |
Ideologien | Transparenz, Direktdemokratie |
Slogan | Fir d'Vollek, aus dem Vollek, duerch d'Vollek |
Websäit | vollek.net |
Walresultater
ännerenBei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 hat Mir d'Vollek mat enger (partieller) Lëscht an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert. D'Partei krut 0,97 % vun de Stëmmen, deemno huet kee Kandidat et an de Stater Gemengerot gepackt[4].
2024 huet Mir d'Vollek bei den Europawalen eng éischt Kéier kandidéiert. Déi 11.838 Stëmmen, déi se kruten (0,85 %), sinn net duergaange fir ee vun de 6 Sëtzer.[5]
Um Spaweck
änneren- Mir d'Vollek - Websäit (net méi aktiv, Archivéiert Versioun)
- Mir d'Vollek op Rumble
Referenzen
änneren- ↑ (de)Grenzüberschreitungen. d'Lëtzebuerger Land (10.12.2021). Gekuckt de(n) 5.3.2023.
- ↑ (fr)"Super" année électorale, Une nouvelle liste électorale citoyenne se profile en 2023. 5minutes.rtl.lu (04.02.2023). Gekuckt de(n) 5.3.2023.
- ↑ Firmenauskunft für Mir d'Vollek Asbl. firmeneintrag.creditreform.de Archivéiert de(n) 05.03.2023. Gekuckt de(n) 5.3.2023.
- ↑ (fr)Luxembourg. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-12.
- ↑ Resultats op elections.public.lu.