Diskussioun:Metazachlor am Stauséi Uewersauer

Letzter Kommentar: viru(n) 9 Joer von Jwh in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Dësen Artikel gouf ugeluecht, andeems en Deel vum Inhalt vum Artikel Metazachlor, an dëser Versioun vum 16. Oktober 2014, heikopéiert gouf. Den Historique do weist, wéini wee wat geschirwwen huet. --Zinneke (Diskussioun) 13:03, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Moien, ass et méiglech vun do och d'Diskussioun eriwwer ze setzen - 't geet jo eigentlech dora just iwwer de Stau? Merci --Jwh (Diskussioun) 15:42, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Op allgemeng Demande, hei d'Diskussioun vun der uewen ernimmter Säit, fir hei weiderzefueren:

vun der Diskussiounssäit Diskussioun:Metazachlor

"dans le lac de la Haute-Sûre et demandé à titre préventif que les seuils de pollution de l’eau potable soient multipliés par 30."

Bei ons steet net datt se gefrot hätten mä datt se eng Erlabnes ginn hätten. Wat stëmmt? --Les Meloures (Diskussioun) 07:02, 15. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Hunn et fonnt am Pressecommuniqué --Les Meloures (Diskussioun) 12:08, 15. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Ech hunn awer ausser am Paperjam kee Beleg fonnt an deem vun der drëssegfacher Iwwerschreidung Rieds geet. --Les Meloures (Diskussioun) 12:53, 15. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Moien, Jo, "Diese Ausnahmeregelung wird heute erteilt" schreiwe se, ma se hidde sech weider Detailer ze ginn. Hei ass dat net nëmmen e Pressecommuniqué, mä eng Pressekonferenz an et schéngt mir datt kee vun der subventionéierter Presse do weider nogefrot hätt. Dofir ebe just d'Ausso vun deem Paperjam-"Expert" an der Referenz iwwer dat Drëssegfacht. --Jwh (Diskussioun) 01:04, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Perséinlech fanne ech dat vum Paperjam senger Säit ganz schlëmm als Desinformatioun. En I-Butz ka sech op 3 Fangeren ausrechnen datt dat bei der Wasserquantitéit déi am Stau ass guer net méiglech ass, an duefir et et keng Ursaach gëtt fir d'Schwell sou héich ze setzen. D'informatiounen am Quotidien schénge mer do méi no bei der Wourecht. --Les Meloures (Diskussioun) 07:51, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Op wort.lu schreiwe se vun enger Erhéijung vun de Grenzwäerter vun 100 ng/l op 3 µg/l. Dat ass effektiv dat drëssegfacht.--MMFE (Diskussioun) 09:39, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Salut, ech hunn dat och elo fonnt. Wann ech d'Rapporte vun der SEBES kucken da schéngt dat mer zimmlech iwwerdriwwen ze sinn, an wéi et schéngt och onnëtz fir dat sou an d'Luucht ze drécken. Kee Wonner wa Leit sech Froe stellen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:52, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
't gesäit aus wéi wann ee sech do eng confortabel Marge gesat hätt. --Jwh (Diskussioun) 15:39, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Europäesch Directive änneren

Dat hei ass aner Europäescher Directive ze liesen: Tout Etat membre qui a recours aux dérogations prévues par le présent article veille à ce que la population affectée par une telle dérogation soit informée rapidement et de manière appropriée de la dérogation et des conditions dont elle est assortie.

Ass bis elo iergendwou bekannt datt de Ministère déi Informatiounen offiziell bekannt gemaach huet? --Les Meloures (Diskussioun) 19:29, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Bei ons am Gesetz steet: Une copie de la permission de dérogation est communiquée aux autorités communales concernées. An deem Fall misst jo Gemeng déi Derogatioun bekannt ginn, d.h. si misst elo an all de Reidere vun de Gemengen ze fanne sinn. Ass schonn engem sou eppes opgefall. --Les Meloures (Diskussioun) 19:35, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Moien, ganz ënnen am Communiqué – Publié le 10.10.2014 (11:31) steet: Alle Gemeinden wurden heute über eine „circulaire ministérielle“ informiert - ech hu grad kee Buergermeeschter bei Hand, ma ech versichen. --Jwh (Diskussioun) 22:20, 16. Okt. 2014 (UTC)Äntweren


Salut ech probéieren och mol erauszefanne wat an där Circulaire steet. Dat ganzt schéngt mer zimmlech inkoherent ze sinn, well schliisslech bezitt sech d'Gesetz op d'Drénkwaaser dat heescht dat wat doheem aus dem Krunn erausleeft an hätt domat jo schliislech näischt mat Wasser ze dinn dat gebraucht gëtt fir Drénkwaaaser ze maachen. D'Fransousen ënnerscheede ganz kloer an hirer Legislatioun an hu fir déi zwou Kategorien och verschidde Wäerter. Et gëtt jo och net nëmmen eng Directive dozou mä zwou, an zwar d'98/83/CE du Conseil du 3 novembre 1998 relative à la qualité des eaux destinées à la consommation humaine an d'Directive 2000/60/CE iwwer d'Waaserqualitéit am Allgemengen. An der leschter hunn ech néirens Wäerter fonnt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:19, 17. Okt. 2014 (UTC)Äntweren


Remoien, ech hunn op dräi Gemengen nogefrot a krut iwwerall déi selwecht Äntwert. Et gëtt bis haut keng Circulaire fir d'Populatioun z'informéieren. Do gëtt iwwerall schéin ëm de Bräi gefuer a jiddwere probéiert alt nees sech de Bockel iergendwéi fräizehalen, mä nëmmen net wéi et am Gesetz virgesinn ass. --Les Meloures (Diskussioun) 09:36, 17. Okt. 2014 (UTC)Äntweren
Dräi Woche méi spéit brengt dëst vläit e bësse Kloerheet fir d'Gemengen... --Jwh (Diskussioun) 23:48, 4. Nov. 2014 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Metazachlor am Stauséi Uewersauer".