Diskussioun:Meta Brahms

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Les Meloures

"Wéi et opgoung war um Rez-de-chaussée d'Hutt- a Moudegeschäft Meta-Brahms dran. Vun 1932 bis 2017 war eng lëtzebuergesch Bijouterie am Gebai." Wann d'Haus 1932-34 gebaut gouf, an ufanks en Hutt- a Moudegeschäft dra war, kann d'Bijouterie kaum schonns 1932 nokomm sinn... --Zinneke (Diskussioun) 16:03, 10. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Ass eng Desinformatioun aus dem Paperjam --Les Meloures (Diskussioun) 16:27, 10. Abr. 2021 (UTC)Äntweren
Ech hu mol bei de Pabeiergebeesshändler nogefrot ob se näischt méi wéissten. --Les Meloures (Diskussioun) 16:49, 10. Abr. 2021 (UTC)Äntweren
Moien. Jo, dat ass bosseg, et war mir net direkt opgefall. Mä de Feeler mam Joer 1932 fir Kass-Jentgen op där Adresse gëtt et och an aneren Online-Artikelen… Mëttlerweil hunn ech erausfonnt, datt se op d'mannst 1950 nach an der Monterey-Avenue waren[1].

GilPe (Diskussioun) 17:13, 10. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Meta Brahms war nach Ausganks der 70er do um Eck wann ech mech gutt erënnere kann. --Les Meloures (Diskussioun) 18:44, 10. Abr. 2021 (UTC)Äntweren
  1. Stadt Luxemburg, Luxemburger Wort, 1950. Jg., nº 357/359, S. 4.
Zréck op d'Säit "Meta Brahms".