Diskussioun:Lëscht vun de Ministèren zu Lëtzebuerg

Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum Bdx am Sujet Schreifweis vun de Ministèren

Schreifweis vun de Ministèren

änneren

Gudde Mëtteg,

Mir hate bis elo fir déi „offiziell“ (franséisch) Nimm vun de Ministèren de Prinzip: 1. Buschtaf grouss, de Rescht kleng. Kuckt z.B. an der Kategorie:Ministèren zu Lëtzebuerg. Dat zielt och fir all déi aner Institutiounen (Lëtzebuerger Verwaltungen, Interkommunal Syndikater zu Lëtzebuerg, …). Doduerch, datt hei an der Lëscht alles g'ännert gouf, op d'Schreifweis wéi se op gouvernement.lu steet, sinn all d'Linke rout ginn, well ebe Ministère de la Culture eppes anescht ass wéi Ministère de la culture (just ee Beispill).

D'Fro ass elo: iwwerhuele mer d'Schreifweis vu gouvernement.lu oder bleiwe mer beim Prinzip datt just dat 1. Wuert eng Majuskel kritt (ausser bei spezielle Fäll wéi Eegennimm, État, Grande Région, …) GilPe (Diskussioun) 12:27, 7. Dez. 2023 (UTC) GilPe (Diskussioun) 16:39, 1. Dez. 2023 (UTC)Äntweren

Et wier warscheinlech besser wann een déi Nimm vun de Ministèren esou géif hischreiwen wéi et op gouvernement.lu steet. Bei den ale Ministèren (vun 2018 bis 2023) waren d'Nimm vun de Ministèren kleng geschriwwen, elo si se grouss. 2001:7E8:C244:7F00:5104:8F8B:D444:B963 19:20, 1. Dez. 2023 (UTC)Äntweren
Gudde Mëtteg, et ass vläicht gutt, et einfach esou ze maachen, wéi se et an der franséischer Wikipedia maachen. Do gouf déi Diskussioun sécher scho gefouert:
Dozou och d'Académie française (https://www.academie-francaise.fr/questions-de-langue#48_strong-em-majuscules-em-strong):
Majuscules dans les noms d’organismes et d’institutions,
Les noms des organismes (organismes d’État, organismes culturels et éducatifs, etc.), lorsqu’il en existe plusieurs de leur espèce, ne prennent pas de majuscule ; c’est le nom propre ou le nom de spécialisation qui les accompagne éventuellement qui la prend : le conseil général d’Île-de-France, la cour d’appel de Versailles, la mairie de Paris, l’académie de Toulouse, le ministère de la Culture, le lycée Fénelon, la bibliothèque Mazarine. Le musée Rodin, le musée des Arts décoratifs (mais, seulement suivi d’un adjectif non dérivé d’un nom propre : le Musée océanographique, le Musée postal).
En revanche, s’ils sont seuls de leur espèce (à l’échelle nationale ou internationale), le premier mot nécessaire à l’identification porte la majuscule, ainsi que les adjectifs le précédant éventuellement : l’Académie française, l’Institut de France, la Bibliothèque nationale, la Cour de cassation, la Haute Cour de justice, le Conseil de l’Europe, les Nations unies, la Croix-Rouge, l’École polytechnique, l’École normale supérieure…
an: Usage des majuscules en français op der franséischer Wikipedia.
--Bdx (Diskussioun) 10:18, 6. Dez. 2023 (UTC)Äntweren

Mëtteg,

Fir op dem Bdx seng Propos zeréckzekommen: d'Fransouse hunn eleng fir de Kulturministère iwwer 40 Säiten, jee no Land. Do mécht et Sënn fir de Lemma mam Numm vum Land ze maachen. Ech mengen, op eiser klenger Wiki géif et duer goen mam Numm wéi "eise" Ministère heescht.

Wat d'Majuskelen ugeet, seet de Lëtzebuerger Guide de rédaction (Kapitel 1.2, S. 49) dee vum Service information et presse an dem Educatiounsministère editéiert gouf, eppes Änleches wéi dat wat hei uewendriwwer steet:

Il est recommandé d'écrire ministère avec une minuscule, sauf dans le cas où l'on signe un texte officiel au nom d'un ministère. Les substantifs désignant le portefeuille d'un ministre, d'un secrétaire d'État, etc., s'écrivent avec une majuscule. L'adjectif qui suit ces substantifs prend la minuscule. (Bsp.: le ministère des Affaires étrangères)

Wa mer dee Prinzip iwwerhuelen, géifen d'Nimm dann esou geschriwwe ginn, wéi se offiziell am Memorial festgehale sinn (Annexe A – Énumération des Ministères vum Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement).

„Ministère “ géif bei eis groussgeschriwwe ginn, well am Lëtzebuergeschen d'Substantive ëmmer groussgeschriwwen ginn.

Beispill:

  • …de Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
  • …am Ministère des Affaires intérieures
  • asw.

GilPe (Diskussioun) 12:27, 7. Dez. 2023 (UTC)Äntweren


Hallo, do hat ech mech net kloer ausgedréckt. Ech sinn d'accord, datt mir den Numm vum Land net an de Lemma setze mussen. Et ass mir éischter ëm d'Grouss- a Klengschreiwung an deene Beispiller gaangen. Deng Propose fannen ech gutt.
--Bdx (Diskussioun) 11:14, 8. Dez. 2023 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Lëscht vun de Ministèren zu Lëtzebuerg".