Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergeschen Nimm vun Uebst a Geméis

Letzter Kommentar: viru(n) 2 Joer von Bdx in Abschnitt Uebst a Geméis

Uebst a Geméis änneren

Gudde Moien,

Ech hunn dës Lëscht ugefaangen op Basis vum Buch Vun Dréischel bis Kréischel vum ZLS. Dodra sinn "294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss". Mir hu schonn eng Lëscht mat de Planzennimm an ech wollt eeben dës nei Lëscht derbäi setzen.

Ass dat eng gutt Iddi? Wat soll / kann un der Lëscht geännert ginn, ier ech domat viru fueren? Merci fir eventuell Commentairen. GilPe (Diskussioun) 08:35, 21. Nov. 2021 (UTC)Äntweren

Moien,
gutt Initiativ. 'Nimm' vun eppes sinn zwar, ganz streng gekuckt, éischter eppes fir en Dictionnaire a manner eng Enzyklopedie (wou ee Saachen a Konzepter erkläert, net d'Wierder), ma hei läit de Méiwäert sécherlech um pedagogeschen Aspekt. A fir dee pedagogeschen Notze méi grouss ze maachen (z.B. engem, deen nosicht wéi een op lb: fir dat fr: Wuert "Chou de Bruxelles" seet) géif ech virschloen, d'Andeelung no Buschtaf ewech ze maachen (alles an eng Tabell) an déi eenzel Kolonnen sortéierbar, sou dass een z.B. sech mat enem Klick déi däitsch oder franséisch Kolonn nom Alphabet sortéiere kann, an et esou méi einfach ass, déi dozou passend lb: Nimm ze fannen. --Zinneke (Diskussioun) 09:29, 21. Nov. 2021 (UTC)Äntweren

Jo, effektiv mécht et méi Sënn keng Andeelung no Buschtaf ze maachen; ech hunn d'Lëscht deemno esou agesat wéi proposéiert. GilPe (Diskussioun) 16:10, 28. Nov. 2021 (UTC)Äntweren

Salut, ech fannen déi Lëscht fantastesch an hu se och schonn e puer Leit geschéckt, déi grad Lëtzebuergesch léieren. Immens informativ! An esou wéi se elo ass huet se menger Meenung no och absolut hir "Daseinsberechtigung". Bdx (Diskussioun) 17:02, 28. Nov. 2021 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Lëscht vu lëtzebuergeschen Nimm vun Uebst a Geméis".