Diskussioun:Henri Lück

Leschte Kommentar: viru(n) 4 Méint vum Volvox am Sujet Numm vum Mann a Schëld vun der Strooss

Numm vum Mann a Schëld vun der Strooss

änneren

Salut @Zinneke,
ech hunn zwou Froen:

  1. Heescht de Mann „Luck“ oder „Lück“? Laut geoportail.lu heescht d'Strooss nämlech „Rue Henri Lück“.
  2. Hues du zoufälleg eng Foto vun der Plack mam Stroossennumm fir op Wikimedia Commons? Dat géif d'Referenz vum Artikel méi accessibel maachen.

Merci. --Volvox (Diskussioun) 20:13, 7. Aug. 2024 (UTC)Äntweren

Notzt warscheinlech net vill well um Schëld mam Strossennumm steet Henri LUCK. --Les Meloures (Diskussioun) 20:19, 7. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Bei den enrôlés de force steet en als Henri LÜCK --Les Meloures (Diskussioun) 20:22, 7. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Datt eng Foto vum Schëld net mam Numm hëlleft, ass richteg, mee ech hat no der Foto gefrot, well d'Schëld am Artikel als Referenz fir déi genannte Fonctioune mat Zäitraim genannt gëtt.
Wat den Numm ugeet: Da gëtt den Artikel mol geréckelt...
--Volvox (Diskussioun) 20:26, 7. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Moien, an als moutarde après dîner: Ech hat effektiv beim laanschtfueren d'Schëld gesinn a geknipst, well et en Deputéierten a Buergermeeschter war, zu deem et nach keen Artikel gouf. Méi Info wéi d'Plack hat ech net, ma d'Wikiwonnerwelt huet mat sech bruecht, datt mer ewell och Gebuerts- a Stierfdatum kennen, dass en EdF war an dass en effektiv wuel "Lück" housch. Allgemeng si Stroosseschëlter kee Garant fir eng korrekt Schreifweis - bei de Ponts et Chaussées net, an de Gemengen och net... --Zinneke (Diskussioun) 17:43, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Wikiwonnerwelt... e schéinen Ausdrock! Merci op allefall nach fir d'Foto! --Volvox (Diskussioun) 21:18, 11. Aug. 2024 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Henri Lück".