Diskussioun:Christus den Erléiser-Kierch vu Pristina

Letzter Kommentar: viru(n) 9 Joer von Bdx in Abschnitt Vläit eng Kathedral

Vläit eng Kathedral änneren

Verschidde Quelle soen et wier eng Kathedral, mee ech fanne keng gutt Quelle fir dat ze beleeën.--Bdx (Diskussioun) 17:47, 31. Aug. 2014 (UTC)Äntweren

Moien, fir eng Kathedral bräicht een e Bëschof: Eng Kathedral ass e Bëschofssëtz. Et misst deemno nogesicht ginn, ob et e Bistum Prisitna gëtt/gouf. --Zinneke (Diskussioun) 17:51, 31. Aug. 2014 (UTC)Äntweren
Hunn ech elo grad dragesat; si gehéiert zur Eparchie vu Raška a Prizren, an de Bëschof sëtzt zu Prizren. Ech huelen u wann d'Serben de Krich net verluer hätten, dann wier dat do de Bëschofssëtz ginn. D'Serbe behaapte sech jo nach ëmmer drop datt de Kosovo serbesch wier, an och déi serbesch-orthodox Kierch schléit extrem nationalistesch Téin un, duerfir kann et och sinn dat si Pristina nach ëmmer als (occupéierte) Sëtz ugesäit an de Sëtz zu Prizren nëmmen als temporär, mee dat spillt jo dann och keng Roll. Da loossen mir et bei der Kierch. --Bdx (Diskussioun) 18:06, 31. Aug. 2014 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Christus den Erléiser-Kierch vu Pristina".