Diskussioun:COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Zinneke in Abschnitt 2. Phas

Huet Lëtzebuerg e Pandemie oder Epidemieplang sou wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun dat recommandéiert? Wees duerch Zoufall een eppes doriwwer.? --Les Meloures (Diskussioun) 10:25, 18. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

MbG Christian Ries (Diskussioun) 18:16, 19. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Léif Benotzer wann Dir d'Wäerter ännert vergiesst wgl. net dem neie Wäert d'Prioritéit ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:02, 30. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren


Tabell mat den Hopitalisatiounen (a mat abegraff Intensivpatienten) änneren

Moien,

un all eis technesch méi verséiert Leit: Kinnt een eng Grafik preparéieren fir d'Zuel vun den Hospitalisatiounen, mat zousätzlech enger Variabel vun deene Persouen, déi op der Intensivstatioun musse sinn? Esou eng Tabell seet méi aus, wéi déi vun de konstatéierten Infektiounen, déi nëmme vergläichbar wier, wann d'Zuel vun den Tester gläich bléif, wat net de Fall ass.

Merci am viraus!--Zinneke (Diskussioun) 19:10, 5. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Gudden Owend,
Dat mat der Tabell fannen ech och eng gutt Iddi. De Sultan Edijingo huet schonn domat ugefaangen. Ech géif nach e puer Ännerungen virschloen, wéi z. B. "zousätzlech Bemierkungen" an eng supplementar Kolonn bäi ze setzen. Wann een eng eegen Tabell pro Mount mécht (Februar, Mäerz, Abrëll, etc) da brauch een den Datum net ganz auszeschreiwen an et wënnt ee Plaz... Ech kéint eng Hand mat upaken fir dat ëmzesetzen. Bleift gesond. GilPe (Diskussioun) 20:21, 5. Abr. 2020 (UTC)Äntweren
Gäre kann d'Tabell ausgebaut a verännert ginn. Uersprénglech wollt ech eng Tabell vun Ufank un opstellen, mä do wieren déi meeschten Zellen eidel bliwwen. Ech hat och eng Zell Bemierkunge virgesinn, mee déi hunn d'Tabell gesprengt, dofir hunn ech déi ënnerschiddlech Bemierkungen ënnen drënner gesat. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:52, 5. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Zuel vun Doudegen erëm erofgaangen änneren

War d'Zuel vun den Doudegen just den 13. Abrëll falsch, oder scho méi lang? Kann de Wäert vun 69 fir den 13. Abrëll esou stoe bleiwe an der Chronologie vun den Evenementer? Dencontributeur (Diskussioun) 20:34, 14. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Residenten an Net-Residenten änneren

Moien,

Weess vläicht ee wat mat de positiv getesten Net-Residente geschitt. Ginn déi heem geschéckt oder gi se zu Lëtzebuerg agepaart. --Les Meloures (Diskussioun) 09:55, 24. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Dat hängt dovunner of op se mussen hospitaliséiert ginn géng ech mol soen, wa net ginn se wéi d'Résidenten wahrscheinlech och doheem versuergt. Dencontributeur (Diskussioun) 11:38, 2. Mee 2020 (UTC)Äntweren

Lëtzebuerg huet seng Grenzen, am Géigesaz zu den Nopeschlänner, net zougemaach änneren

Ech liese grad wou mer mam Déconfinement dru sinn a sinn op dat heite gestouss:

Art. 14.

Les ressortissants de pays tiers ne peuvent plus entrer sur le territoire du Grand-Duché à partir du 18 mars 2020 à 18h00 jusqu’au 15 mai 2020 inclus. Sont exempts des restrictions temporaires de voyage les citoyens de l’Union européenne, du Royaume-Uni, des pays associés à l’espace Schengen, de Saint-Marin, d’Andorre, de Monaco et du Vatican/Saint-Siège, ainsi que les membres de leur famille, dans le but de regagner leur domicile.

Les dérogations suivantes s’appliquent aux : a) Ressortissants de pays tiers qui possèdent le statut de résident de longue durée conformément à la Directive européenne 2003/109/CE relative aux résidents de longue durée, ainsi que toute autre personne disposant d’un droit de séjour conformément aux directives européennes ainsi qu’au droit national au Grand-Duché de Luxembourg ou un des pays limitrophes ; b) Professionnels de santé, chercheurs dans le domaine de la santé et professionnels des soins pour personnes âgées ; c) Chercheurs et experts qui fournissent conseil dans le cadre de la pandémie du Covid-19 ; d) Travailleurs frontaliers ; e) Travailleurs saisonniers ; f) Personnes occupées dans le secteur des transports des marchandises et autres personnes occupées dans le secteur des transports de biens et de personnes, y compris le personnel des compagnies aériennes ; g) Membres du corps diplomatique, personnel des organisations internationales, militaires, personnel du domaine de la coopération au développement et de l’aide humanitaire, à l’occasion de l’exercice de leurs fonctions respectives ; h) Passagers en transit ; i) Ressortissants de pays tiers rapatriés dans le cadre des opérations de rapatriement relevant du mécanisme de protection civile de l’Union européenne dans le but de regagner leur lieu de résidence situé en dehors du territoire des États membres, des pays associés à l’espace Schengen, du Royaume-Uni, de Saint-Marin, d’Andorre, de Monaco et du Vatican/Saint-Siège ; j) Passagers voyageant pour des raisons familiales urgentes et dûment justifiées ; k) Personnes désirant solliciter la protection internationale ou protections subsidiaires au Grand-Duché de Luxembourg ou pour d’autres raisons humanitaires.

Froe mech op een dee Satz esou do ka stoe loosse. An der Praxis gëtt jo net kontrolléiert esouwäit ech wees. Dencontributeur (Diskussioun) 11:56, 2. Mee 2020 (UTC)Äntweren

PCR-Tester a geteste Persounen änneren

Mer hu jo eng grouss Differenz an den Zuele vun den duerchgefouerten Tester an de Persounen déi getest goufen: Bis zum 14. August goufe 672717 Tester gemaach a 456963 verschidde Persounen. An eiser Graphik op Wikidata gi mer just d'Zuel vun de Perousen an. Ech menge, mer sollte lo net nach eng Graphik mat den Tester maachen. Duerfir hunn ech am 5. Abschnitt elo virgesinn, déi Zuel vun Hand z'aktualiséieren. Datt een déi Plaz och direkt an ouni laang ze sichen erëm fënnt, hunn ech virun d'Zuel dëst als Kommentar notéiert: D'ZUEL VUN DEN DUERCHGEFOUERTEN TESTER ZU LËTZEBUERG HEI MANUELL AKTUALISéIEREN. D'Quell dozou steet hei: https://msan.gouvernement.lu/fr/graphiques-evolution.html an der Graphik Tests COVID-19 --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:42, 15. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Statistiken änneren

Moien,

Sinn do grouss Redressementer an de leschten Deeg gemaach ginn, fir datt déi lescht kumuléiert Zuele méi niddreg sinn. Schéngt soss iergendwéi net logesch. --Les Meloures (Diskussioun) 14:11, 29. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

D'Graphike vun de Statistike sinn schonn zanter engem Strapp zimmlech onlieserlech. Huet een eng Propositioun wéi mer dat ännere kënnen? --Les Meloures (Diskussioun) 17:37, 2. Nov. 2020 (UTC)Äntweren
De Joreswiessel wier eng gutt Geleeënheet, d'Grafiken an 2 ze splécken (d.h. d'Serie vun 2021 un jeweils an enger neier Grafik fortzesetzen). --Zinneke (Diskussioun) 21:08, 2. Jan. 2021 (UTC)Äntweren

Letalitéitstaux änneren

"...beim Letalitéitstaux ass et genee ëmgedréint." steet als leschte Saz am Aféierungskapitel. Ass dat bei ewell iwwer 500 Doudegen nach ëmmer de Fall? --Zinneke (Diskussioun) 21:11, 2. Jan. 2021 (UTC)Äntweren

Wat gëtt hei net verstanen? --Les Meloures (Diskussioun) 08:54, 3. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Ech hu wuel verstanen, wat do steet (och wann dat méi däitlech ausgedréckt kinnt ginn) ma froe mech ob dat nach esou stëmmt: Lëtzebuerg hat vläit am Ufank mat ee vun den niddregste Letalitéitstauxen op 100.000 Awunner; ma läit dëse Statisticken no Enn 2020 am Mëttelfeld vun den EU Länner. Ech setzen dat emol an den Artikel. --Zinneke (Diskussioun) 10:50, 7. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Ech gesinn elo wat net verstane gouf. De Letalitéitstaux gëtt net op d'Awunner gerechent, dofir huet sech och do näischt verschlechtert. --Les Meloures (Diskussioun) 10:55, 7. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Ech hunn en effektiv mam Mortalitéitstaux verwiesselt. Leschtgenannte schéngt mer awer op d'mannst grad esou signifikant ze sinn. Soll deen net och ernimmt ginn? --Zinneke (Diskussioun) 11:18, 7. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Et kann een natierlech, do louche mer am Ufank och schonn net sou gutt . Wann een eppes derzou seet misst een et och a Relatioun mat der Evolutioun kënne bréngen. (denken ech emol) --Les Meloures (Diskussioun) 11:44, 7. Jan. 2021 (UTC)Äntweren

Tabell Impfungen änneren

Moien,

ass ee kapabel (ech leider net) eng Grafik ze zwaffen, déi d'Evolutioun vun der Gesamtzuel vun den administréierten Impfungen ugëtt (Y Leit um Datum X)? Woubäi ze preziséiere wier, dass dës Zuel duebel sou héich ass wéi déi vun de Leit, déi als geimpft kënne gëllen (well jiddereen 2 Dose brauch). Merci am viraus!

--Zinneke (Diskussioun) 13:16, 22. Jan. 2021 (UTC)Äntweren

Ok, a wat maache mer mat den Impfstoffer bei deenen nëmmen eng Dosis gebraucht gëtt ?
--Les Meloures (Diskussioun) 13:42, 22. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Ech hu scho gesicht fir d'Zuel vun den Impfunge bei Wikidata anzeginn, hunn do awer nach net déi passend "property (P123)" fonnt. Wann een do eng passend "property" fënnt, sinn ech dankbar. Zanter dem 4. Januar ginn ech ënner "number of injured P1339" och d'Zuel vun den aktive Infektiounen un. Zur Info: ech hunn och d'Data vu Wikidata an dëse Wikien agebaut: en:COVID-19_pandemic_in_Luxembourg, simple:COVID-19_pandemic_in_Luxembourg, vi:Đại_dịch_COVID-19_tại_Luxembourg. An den anere Sproochen, an deenen et nach en Artikel "Covid-19 zu Lëtzebuerg", funktionéiert d'Schabloun aus Wikidata, déi mir an eisem Artikel notzen, leider net. An an deem punkt sinn ech och iwwerfrot. Et wier och flott, wan mir eng Infobox mat de wichtegsten Daten an eisem Artikel hätten. Ech hunn awer nach ni eng Infobox zesummegestallt. Kann de Soued do hëllefen oder soss een? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:03, 22. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Ech hu bis elo och keng Proprietéit fonnt. Kucken emol op een eng ufroe kann. --Les Meloures (Diskussioun) 18:30, 22. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Et ass eng Demande fir d'Proprietéit am Lafen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:58, 22. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Kanns de da w.e.g. och nach eng 2. Proprietéit ufroen fir d'"clinical tests". An der aktueller Property:P8011 notéiere mer net déi Gesamtzuel vun den number of clinical tests, mä d'Zuel vun den geteste Persounen. Am Ufank vun der Pandemie war dat quasi identesch, haut ass d'Zuel vun den Tester méi wéi 3 mol sou héich wéi déi vun de gesteste Persounen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 23:01, 23. Jan. 2021 (UTC)Äntweren
Et lafen am Ament folgend Propose fir Proprietéiten am Medezinberäich:
  • Dose
  • GoodRx ID (en)
  • EudraCT trial ID (en)
  • number of deaths in senior care homes (en)
  • number of cases in intensive care (en)
  • number of vaccinations (en)
  • DeCS ID (en)

Ech probéiere fir deng nach bäizeflécken. Et kéint awer e laange Strapp daueren bis d'Decisioun getraff gëtt. Et geet de Wikidatasleit wéi de Politiker, se schloen ee Kopplabunz nom aneren

D'Argumenter missten awer méi zolitt sinn, déi Differenz déi et Lëtzebuerg gëtt vun der Zuel vun Tester zu der Zuel vu gesteste Persounen, schéngt et soss néirens an deem Ëmfang ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:31, 24. Jan. 2021 (UTC)Äntweren

2. Phas änneren

Moien,

am Kapitel Phas 2 vun der Impfkampagne sinn d'Datumen, wéini déi ufänkt/ufänke soll, widerspréchlech. --Zinneke (Diskussioun) 10:02, 13. Feb. 2021 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg".