De Pällemsonndeg (lat. Dominica in Palmis de passione Domini) ass dee sechsten a leschte Sonndeg vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit an de Sonndeg virun Ouschteren. Mam Pällemsonndeg fänkt d'Karwoch un.

De Jesus zitt a Jerusalem eran (Altormolerei 1308)

Biblesch Originn änneren

Um Pällemsonndeg gëtt dru geduecht wéi de Jesus Christus a Jerusalem eranzitt. Zum Zeechen datt se an him den erwaarte Kinnek gesinn huet d'Vollek him begeeschtert "Hosanna dem Jong vum David" zougeruff an Äscht vu Palmen op de Wee gestreet (Joh 12,13–15 {{{1}}}, Mt 21,1–11 {{{1}}}, Lk 19,28–40 {{{1}}}). Palme goufen op ville Plazen als helleg Beem veréiert a waren am Mëttelmierraum Sënnbild vum Liewen a vun der Victoire, an Israel ware se absënns och d'Symbol fir d'Onofhängegkeet an de Kinnek dee gewonnen huet (1 Makk 13,51 {{{1}}}; 2 Makk 14,4 {{{1}}}). Dowéinst war dat Ganzt eng gelleg Provocatioun fir d'Réimer. Den Iesel op deem de Jesus geridden ass war Sach 9,9 {{{1}}} no e Sënnbild vum gewaltlose Friddenskinnek an der Bescheidenheet.

Kierchlech Liturgie änneren

Den Urspronk vun der chrëschtlecher Pällemsonndegfeier geet wuel op d'Liturgie vu Jerusalem zeréck, wou een déi eenzel Elementer vum Leidenswee vum Jesus (Passioun) an eegene Fester a Riten nogestallt huet. An der laténgescher Kierch war d'liturgesch Feier vun der Pällemwei an der Pällempressioun um Pällemsonndeg zënter der zweeter Hallschent vum 9. Joerhonnert allgemeng gemiddelt. Et gëtt deen Dag och aus engem vun de synopteschen Evangelien (Markus, Matthäus, Lukas) gelies, dëst no alréimescher Liturgietraditioun.

D'Pällemwei huet viraals, ier se a ville Géigenden op de Pällemsonndeg verluecht gouf, zu den heedneschen Ouschterbräich gehéiert. Dës Bräich goufe sou deelweis vum Chrëschtentum iwwerholl. Wat och erkläert firwat de Buxus sempervirens am Lëtzebuergesche linguistesch an d'Noperschaft vu Palme geréckelt gouf.

Jidderee ka sech op Pällemsonndeg (an dacks schonn um Virowend) an der Kierch e geseente Pällemstrauss mat heem huelen, fir d'Kräiz an der Wunneng domat ze rëschten, am Hoffes, domat d'Haus, bis zum nächste Joer wann en nees erneiert gëtt, viru Blëtz a Feiergefor ze schützen. Deen ale geweite Pällem vun zejoert hunn d'Bauere fréier an d'Ecke vun de Felder gestach oder vergruewen, am Hoffes datt et e gudde Karschnatz géif.

D'liturgesch Faarf vum Pällemsonndeg ass am réimesche Ritus an der uerdentlecher Form rout.

Um Spaweck änneren