Departement Tarn-et-Garonne
franséischt Departement
Tarn-et-Garonne (82) | |
---|---|
![]() | |
Regioun | ![]() |
Prefecture | Montauban |
Ënnerprefecture | Castelsarrasin |
Bevëlkerung | 223 000 Aw.(2006) |
Fläch | 3 718 km² |
Arrondissementer | 2 |
Kantonen | 30 |
Gemengen | 195 |
![]() |
D'Departement Tarn-et-Garonne (82) ass e franséischt Departement, an der Regioun Occitanie. Et krut säin Numm vun den zwéi Flëss déi derduercht lafen, den Tarn an d'Garonne.
GeschichtÄnneren
D'Departement gouf an der Zäit vum Premier Empire duerch e keeserlechen Dekret vum Napoléon I., den 21. November 1808 gegrënnt. Säin Territoire gouf vun Nopeschdepartementer geholl, dovu bal d'Hallschent vum Lot mat Montauban a Moissac. En Drëttel koum aus dem Departement Haute-Garonne mat Castelsarrasin, an de Rescht vun den Departementer Lot-et-Garonne, Gers an Aveyron.
GeographieÄnneren
Den Tarn-et-Garonne ass en Deel vun der Regioun Occitanie an ass eent vun de klengsten Departementer a Frankräich.
Seng héchst Plaz ass de Pech Tregon mat 371 Meter, südëstlech vu Bruniquel.
Kuckt ochÄnneren
- Arrondissementer am Departement Tarn-et-Garonne
- Kantonen am Departement Tarn-et-Garonne
- Gemengen am Tarn-et-Garonne
Um SpaweckÄnneren
Commons: Tarn-et-Garonne – Biller, Videoen oder Audiodateien |