Delta Leoniden[1]
Aktivitéitszäitraum 15. Februar - 10. Mäerz
Aktivitéitsmaximum 25. Februar
Radiantepositioun
vum Maximum
RA: 11h 12m
DE: +16°
ZHR 2
Populatiounsindex 3,0
geozentresch Vitess 23 km/s

De Meteorstroum Delta-Leoniden ass ze gesi vum 15. Februar bis den 10. Mäerz. An dësem Zäitraum beweegt sech de Radiant duerch dat ganzt Stärebild vum Leo. Um Dag vum Aktivitéitsmaximum läit de Radiant knapps 4° südlech vum δ-Leonis. Als méigleche Mammekierper gëtt den Asteroid (4450) Pan gehandelt.

Well zu der selwechter Zäit d'Februar-Leoniden aktiv sinn, wou de Radiant net wäit vun den Delta-Leoniden ass, brauch een e bëssi Kenntnes, fir déi béid Meteorstréim auseneenzehalen.

Radiantepositioun vun den Delta-Leoniden
Dag 17.2. 30.2. 10.2. 20.3.
RA 10h20m 10h56m 11h24m 12h0m
DE +20° +18° +15° +12°

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. IMO Meteor Shower Calendar 2009