Delmeschbaach

lëtzebuergesch Baach


D'Delmeschbaach ass e Waasserlaf am Éislek an eng Niewebaach vun der Schlirbech.

Delmeschbaach
Längt 1.540 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäinbaseng
Originn
Originn Zesummefloss vun 2 Grief
Plaz Géisdref
Héicht 402 m
Koordinaten 49° 55’ 32.2’’ N
      05° 57’ 25.2’’ O
Konfluenz
Leeft an Schlirbech
Plaz Scheedel,Strachen
Héicht 305 m
Koordinaten 49° 55’ 24.7’’ N
      05° 56’ 32.1’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek
Uertschaften Géisdref

Si entsteet op enger Héicht vu 402 m aus dem Zesummefloss vun 2 Grief, wouvun den ee seng Quell op enger Héicht vu 434 Meter, um Flouer Scheiwiss, ee km nord-westlech vu Géisdref huet an den aneren nach eng 300 m weider nërdlech op enger Héicht vu 437 m an der Engsendelltchen huet.

Si ass ~ 1,540 km laang a fléisst a westlecher Richtung.

Op enger Héicht vun 305 Meter leeft se, 1,5 km südlech vu Bidscht, an d'Schlirbech.

Kuckt och änneren