Den Deimos (vum griich. Δείμος = „Schreck“, ass nieft dem Phobos ee vun de béiden natierleche Satellitten vum Planéit Mars. Hie gouf nom Deimos, dem Jong a Begleeder vum griichesche Krichsgott Ares (laténgesch Mars), genannt.

Deimos
Marsmound Deimos
Marsmound Deimos
Entdeckung
Entdecker Asaph Hall
Datum vun der Entdeckung 18. August 1877
Date vum Orbit
Hallefachs 23.459
Periapsis 23.451
Apoapsis 23.467
Exzentrizitéit 0,00033
Ëmlafzäit 1,262 Deeg
Inklinatioun 0,93°
Physikalesch Daten
Duerchmiesser 15,0 × 12,2 × 10,4 km
Mass 1,8 × 1015>
Dicht 1,7
Rotatiounsdauer 30,288 h
Fluchtvitesse 5,6 - 6,7 km/s
Albedo 0,07
Visuell Magnitude 12,4 - 15,7

Hie gouf am Joer 1877 zesumme mam Phobos vum US-amerikaneschen Astronom Asaph Hall um US Naval Observatory zu Washington D.C. entdeckt.[1]

Ëmlafbunn änneren

Den Deimos läit méi wäit vum Mars ewech, hie leeft op enger bal exakter Kreesbunn vu 23.459 km Radius (entspriechend 20.063 km iwwer dem Marsequator) a brauch fir e Marsëmlaf 1 Dag, 6 Stonnen an 18 Minutten. Wéi den Äerdmound huet och den Deimos eng gebonne Rotatioun, dat heescht, hie weist dem Mars ëmmer déi selwecht Säit zou. Seng Ëmlafbunnn ass mat 1,79° liicht géint den Equatorplang vum Mars gebéit.

 
Gréisst an d'Hellegkeet vum Deimos (lénks) an dem Phobos (riets) am Verglach; observéiert vum Spirit

Wann een um Mars stoe géif, da wier dem Deimos säi visuellen Duerchmiesser duebel sou grouss, wéi wann een d'Venus vun der Äerd aus kucke géif. Den Deimos ass ee vun den donkelsten Himmelskierper am Sonnesystem.

Eegenschaften änneren

 
Phobos (uewen) an Deimos (ënnen) am richtege Gréissteverhältnes

Den Deimos ass de klengste vun de Marsmounden. Hie miesst 15 × 12,2 × 10,4 km an huet eng mëttel Dicht vun 1,7 g/cm³. Duerch seng onreegelméisseg Form gëtt allgemeng dovun ausgaangen, datt den Deimos genee wéi de Phobos ee vum Mars agefaangenen Asteroid ass.

D'Uewerfläch vum Trabant ass, wéi déi vum Phobos, mat enger Stëbschicht iwwerzunn, dem sougenannte Regolith. Déi Substanz ass och vum Äerdmound bekannt. D'Regolithschicht ass um Deimos méi deck wéi um Phobos, wat zur Folleg huet, datt op him d'Uewerflächekennzeeche manner staark ervirtrieden. Den Deimos huet eng kleng Albedo vun nëmmen 0,07.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Deimos (Mond) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Stuart Clark: Cheap flights to Phobos. New Scientist, 30. Januar 2010, S. 29