Dauphin (Rakéit)
D'Dauphin war eng eestufeg franséisch Héichtefuerschungsrakéit, vun där tëscht 1967 an 1978 sechs Exemplare gestart goufen. Et war eng modifizéiert Dragonstarstuf mat méi enger grousser Rakéitespëtzt fir Notzlaaschten.
D'Dauphin hat en Duerchmiesser vu 56 cm an eng Längt vu 6,21 m. D'Startmass war zirka 1132 kg, dovu ware 686 kg Dreifstoff. Mat engem Startschub vun 90 kN gouf eng Notzlaascht vun 130 kg op eng Spëtzenhéicht vun 150 km bruecht.
D'Dauphin huet domat zu enger Famill vu Feststoffrakéite gehéiert, déi aus der Bélier, der Centaure, der Dragon, der Dauphin an der Éridan bestoung.
Startlëscht
ännerenSeriënummer | Datum | Startplaz | Spëtzenhéicht | Bemierkung |
---|---|---|---|---|
DA001 | 20. Mäerz 1967 | Hammaguir | 1 km | Feelstart, Explosioun no 5 s |
DA002 | 28. Juni 1967 | Île du Levant (CERES) | 138 km | |
DA003 | 8. Mäerz 1968 | Biscarrosse | 123 km | |
DA004 | 28. Mäerz 1968 | Biscarrosse | 98 km | |
DA005 | 14. September 1971, 04:20 UTC | Centre Spatial Guyanais ALFS | 103 km | |
DA006 | 8. Februar 1979 | Centre Spatial Guyanais ALFS | 135 km |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- (en) Encyclopedia Astronautica: Dauphin
- (en) From Belier to Eridan