D'Dragon ass eng zweestufeg franséisch Feststoffrakéit fir Héichtefuerschung. Als éischt Stuf gouf en Dreifwierk mam Numm Stromboli benotzt (Duerchmiesser 56 cm), dat a 16 Sekonne 675 kg Dreifstoff verbrannt huet an domat e maximale Schub vun 88 kN gebilt huet. D'Bélier gouf als Uewerstuf agesat.

Si huet domat zu enger Famill vu Feststoffrakéite gehéiert, déi aus der Bélier, der Centaure, der Dragon, der Dauphin an der Éridan bestoung. D'Dragon gouf a verschiddene Varianten tëscht 1962 an 1973 agesat.

D'Notzlaascht vun 30 bis 120 kg konnt domat op Parabelflich tëscht 390 a 700 km Héicht bruecht ginn.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Literatur

änneren
  • Heinz Mielke "Lexikon Raumfahrt" transpress VEB Verlag für Verkehrswesen Berlin 1970 S. 80
  • Peter Stache "Raketen" transpress VEB Verlag für Verkehrswesen Berlin 1981 S. 22 ff (Artikel: Éridian)

Um Spaweck

änneren