Héichtefuerschungsrakéit

Eng Héichtefuerschungsrakéit ass an der Reegel e ballistesche Fluchkierper, deen aus enger undreiwender Feststoffrakéit an engem opgesaten Notzlaaschtbehälter besteet. D'Virbereedunge fir de Start si méi einfach wéi z. B. an der Raumfaart. Als Notzlaascht gi Moossinstrumenter fir wëssenschaftlech Fuerschungen an Héichten tëscht 45 km an iwwer 1.200 km geschoss. Jee no Zilsetzung kënne follgend Instrumenter agesat ginn:

D'Héichtefuerschungsrakéit Nike Apache
Déi kanadesch Héichtefuerschungsrakéit Black Brant

A ville Fäll falen d'Moossinstrumenter no hirem Héichtenasaz un Fallschiermer zeréck op d'Äerd, wou se gebuerge ginn an d'Miessungen ausgewäert ginn, anerersäits kënnen d'Miessdaten och mat Funk iwwermëttelt ginn.

Als Rakéite kënne prinzipiell gelenkt oder ongelenkt Flëssegkeets-, Hybrid- oder Feststoffrakéiten agesat ginn. Aus Käschtegrënn ginn haut meeschtens ongelenkt Feststoffrakéite gebraucht. Dës Rakéite ginn och als meteorologesch Rakéite bezeechent. Gelenkt Feststoffrakéite ginn nëmme fir Experimenter, déi eng exakt Fluchbunn brauchen, agesat. Flëssegkeets- an Hybridrakéite gi geleeëntlechfir méi schwéier Notzlaaschte gebraucht.

Héichtefuerschungsrakéite gi meeschtens vu mobilen Ofschossariichtungen aus gestart.

Besonnesch Experimenter änneren

Fir d'Moosse vu Wandvitessë gëtt entweeder d'Positioun vun enger Moosskapsel, déi un engem Fallschierm op d'Äerd zeréckkënnt an och aner Moossinstrumenter (zum Beispill fir d'Bestëmmung vun der Temperatur), bestëmmt oder et gi Konschtstoffsträife mat Metallbeschichtung ofgeworf, deenen hir Fluchbunn mat engem Radar verfollegt ka ginn. Och d'Fabrikatioun vu kënschtleche Wolleken, zum Beispill aus Titandioxid ass heifir méiglech. Fir d'Äerdmagnéitfeld ze vermoossen, gi Behältere mat Alkali- oder Äerdalkalimetaller matgefouert, déi um héchste Punkt vun der Bunn explodéiere gelooss ginn. Duerch d'Sonnestralung ginn déi liicht ioniséierbar Elementer ioniséiert, an déi geluede Ione verdeele sech an Ofhängegkeet vun de Feldlinnen.

Beispiller vun Héichtefuerschungsrakéiten änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie