Dës Säit beschäftegt sech mat franséischer Héichtefuerschunsrakéit Bélier. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bélier (Homonymie).

D'Bélier war eng franséisch Héichtefuerschungsrakéit a war den Ausgangspunkt fir eng ganz Rei vu Feststoffrakéiten, déi aus der Bélier, der Centaure, der Dragon, der Dauphin an der Éridan bestoung.

Verschidde franséisch Rakéiten

D'Bélier gouf an dräi Versiounen tëscht 1961 an 1970 vun Hammaguir, Salto di Quirra, Ile du Levant an Kourou gestart. Si gouf och als Uewerstuf vun anere franséischen Héichtefuerschungsrakéite benotzt.

D'Bélier war eestufeg. D'Jericho-Dreifwierk huet 20 kN Startschub geleescht an huet 230 kg Dreifstoff an 23 Sekonne verbrannt. No 175 Sekonne gouf eng Héicht vun 135 km erreecht.

Bélier I änneren

  • Notzlaascht: 30 kg
  • Spëtzenhéicht: 80 km
  • Startschub: 20,00 kN
  • Startmass: 313 kg
  • Duerchmiesser: 0,31 m
  • Längt: 4,01 m
  • Schautespanwäit: 0,78 m

Bélier II änneren

  • Notzlaascht: 30 kg
  • Spëtzenhéicht: 130 km
  • Startschub: 21,50 kN
  • Startmass: 352 kg
  • Duerchmiesser: 0,31 m
  • Längt: 5,90 m
  • Schautespanwäit: 0,78 m

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren