Dareizé ass eng franséisch Gemeng am Departement Rhône an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. D'Uertschaft gruppéiert sech haaptsächlech ëm seng kleng Kierch a läit tëscht Beaujolaiswéngerten, déi villen Awunner hiert Akommes ginn.

Dareizé

Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Rhône
Arrondissement Villefranche-sur-Saône
Kanton Tarare
Postcode 69490
Gemengecode 69073
Koordinaten 45° 54’ 13’’ N
      04° 29’ 30’’ O
Fläch  6.710 ha
Bevëlkerung  445 (2012)

Geographie änneren

Dareizé läit Fouss vun de Bierger vun Tarare, eng 40 km nordwestlech vu Lyon. Um Territoire vun der Gemeng hunn e puer kleng Baachen, alleguer Nieweflëss vum Soanan, hir Quellen. Déi wichtegst dovu sinn de Ruisseau de Chanzé an de Ruisseau des Gouttes.

Geschicht änneren

D'Uertschaft gouf fir d'éischt 1030 ënnert der Bezeechnung Darasiacus an enger Dokumentesammlung vun der Abtei Saint-Martin vu Savigny ernimmt.

Kuckeswäertes änneren

Um Territoire vun der Gemeng gëtt et dräi Schlässer: de grousse Schlasshaff zu Daréizé selwer an zwee zu Chanzé an zwar dat vu Montelu an dat aalt Schlass eng ronn 500 Meter ëstlech dervun.

2014 krut d'Gemeng e Gielchen als "ville fleurie" (mat enger "Blumm").

Um Spaweck änneren

Commons: Dareizé – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Vue op d'Uertschaft