Den Daniel Frères, gebuer de 26. September 1966 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Politiker an Immobilienhändler. Hien ass och President vum Déiereschutzveräin Give us a Voice.[2]

Daniel Frères
Gebuer 26. September 1966
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Immobilienagent, Déiererechtler
Partei Piratepartei Lëtzebuerg, PID

Politesch Karriär änneren

Hien huet bei de Chamberwalen 2013 a bei den Europawalen 2014 op der Lëscht vun der PID kandidéiert. Kuerz dono huet hien d'PID verlooss.[3]

Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 ass hien op der Lëscht vun der Piratepartei an de Gemengerot zu Réimech gewielt ginn.

Den 10. Dezember 2017 ass hien um Landeskongress vun der Piratepartei als Vizepresident gewielt ginn. Bei de Landeswale vum 14. Oktober 2018 war hie Spëtzekandidat op der Lëscht vun de Piraten am Bezierk Osten; seng Lëscht krut awer kee Sëtz.[4]

Referenzen änneren

  1. Esou uginn an de Statutte vun "Give us a voice" ënnert der Nummer F0010098 am Handelsregëster, publizéiert am Memorial C Nr 3253 vum 5. November 2014
  2. http://www.giveusavoice.lu/give-us-a-voice-president-daniel-freres-its-all-about-animals/
  3. Daniel Frères claque la porte du PID Archivéiert op 2014-08-06. Gekuckt de(n) 2017-12-21.
  4. Tageblatt 2018-10-15, S. 15 (Resultater Osten).