Vibrissen, och Sinus-, Taascht- oder Schnurreshoer genannt (Latäin: vibrissa, Pl. vibrissae), si speziell Hoer, déi bei ville Mamendéieren zudackst am Gesiicht wuessen. Si si méi déck, méi fest a méi laang wéi normal Hoer, a sinn op taktil Reizer spezialiséiert.

E Wäschbier mat Vibrissen op der Schnëss.
E Sibirischen Tiger mat Schnurreshoer.
Eng Hauskaz mat Vibrissen op der Schnëss an iwwer den Aen

Vibrisse bestinn, wéi all Hoer, aus doudegem Material, hu selwer keng Nerven a wuessen no wéi déi normal Hoer. Wat se speziell mécht, ass, datt den Hoerbaleg (Follikel) an enger Zort Kapsel agebett ass, an där Blutt ass, de sougenannte Bluttsinus. An der Wand leie vill fräi Enner vun Nerven. Wann en Taaschthoer beréiert gëtt, da béit et sech a beweegt d'Blutt an der Kapsel. D'Blutt verstäerkt d'Beweegung, sou datt d'Nerven op der Basis nach déi klengst Impulser registréiere kënnen. Bei verschiddene Mamendéieren ass ausserdeem Muskeltissu ronderëm d'Follikel vun de Vibrissen, sou datt se beweegt kënne gi fir d'Emgéigend z'erfuerschen.

Vibrissen hëllefen deemno deenen Déieren, déi (dacks) am Däischteren oder am dréiwe Waasser aktiv sinn, fir hire Wee ze fannen, Geforen z'erkennen a Fudder opzespieren. Verschidden Déieren, wéi z. B. d'Mais, kënnen nach sou reng Loft- oder Waasserbeweegunge mat hiren Taaschthoer spieren. Bei ville Mamendéiere gëtt eng grouss Capacitéit vum Gehier dofir gebraucht, fir d'Informatiounen, déi et vun den Nerven un de Vibrisse 'gemellt' kritt, ze verschaffen. Fir vill Déiere sinn d'Taaschthoer iwwerliewenswichteg.

De laténgeschen Ausdrock vibrissae bezeechent ausser den Taaschthoer och d'Schutzhoer an der Nuesenhiel (Nuesenhoer).

Um Spaweck

änneren
Commons: Vibrissae – Biller, Videoen oder Audiodateien