Cunard-Linn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Cunard Line ass eng englesch Reederei mat Sëtz zu Liverpool (de Sëtz gouf 1919 op London verluecht). Gegrënnt 1838, huet d'Reederei fir d'éischt e Linnendéngscht op Boston an Halifax bedriwwen, 1851 gouf New York City als Endstatioun ugesteiert. Haut konzentréiert sech d'Gesellschaft op d'Geschäft mat Croisièren, mat hiren dräi Schëffer, der Queen Elizabeth 2 (QE2), Queen Mary 2 (QM2) an der Queen Victoria.
D'Queen Elizabeth 2 gëtt am Joer 2008 ausgemustert an op Dubai verkaaft, fir do als Akafszentrum an als Hotelsschëff benotzt ze ginn. Eng nei Queen Elizabeth (ouni Nummzousaz an Nummer) ass 2007 bestallt ginn a soll 2011 hir Akivitéit ophuelen.
Geschicht
ännerenAm Mee 1839 huet de kanadesche Geschäftsmann Samuel Cunard zesumme mat enger Grupp vu kapitalkräftege Reederen a Geschäftsleit, wéi George Burns, David McIver an James Donaldson déi British & North American Royal Mail Steam Packet Company gegrënnt. Allgemeng bekannt gouf d'Gesellschaft ënner dem Numm Cunard Line. Déi jonk Gesellschaft hat e Vertrag fir d'Post a Länner an Iwwerséi ze transportéieren.
1840 sinn déi éischt Schëffer vun der Linn vum Stapel gelaf, d'Britannia, d'Acadia, d'Caledonia an d'Columbia. D'Britannia an d'Caledonia waren och déi éischt Schëffer vun der Reederei, déi sech dat Blot Band verdéngt hunn. Sechs weider nei Schëffer hu bis 1850 hir Flott erweidert, déi nei Rekorden opgestallt huet an déi am Nordatlantik Här a Meeschter war.
Déi däitsch Reedereien, Norddeutscher Lloyd an d'Hapag/HAL, hunn dunn de Britte mat neien, rekordverdächtege Schëffer Paroli gebuet an zéng Joer laang d'Geschéien um Nordatlantik bestëmmt.
1901 huet den amerikanesche Banquier John Pierpont Morgan eng Reederei no der aner opkaaft a wann et no him gaange wier och Cunard. Fir dat ze verhënneren, huet dat englescht Parlament der Cunard all Joer Subventiounen zougestan an hir och e Kredit vu 11,7 Mill $ fir de Bau vun neie Schëffer accordéiert. Domat konnt Cunard 2 nei Schwësterschëffer, Lusitania an Mauretania, bauen. Mat 31.938 BRT waren dat déi gréisst a séierst Schëffer vun der Welt. Et ass dunn der Mauretania mat 26 Kniet wärend 22 Joer laang gelongen, de Vitessrekord, d'Blot Band ze verdeedegen.
Am Éischte Weltkrich, deen 1914 ausgebrach ass, hat Cunard grouss mënschlech a materiell Verloschter. D'Torpedéierung an den Ënnergank vun der Lusitania duerch en däitscht U-Boot war déi gréisst Katastroph. Si huet 1198 Mënscheliewe kascht. Nom Krich gouf d'Konkurrenz erëm méi grouss an dat däitscht Linneschëff Bremen huet de Britten dat Blot Band erëm ofgeknäppt. D'Englänner hu reagéiert an hu sech, an den zwanzeger Joren, mat Hëllef vun der Regierung erëm druginn, fir hir Spëtzepositioun ze vedeedegen. Cunard a White Star hunn 1935 fusionéiert, an 1936 ass d'Queen Mary, mat 80.774 BRT deemools dat gréisst Schëff, gedeeft ginn. Et sollt en neie Vitessrekord opstellen an dat Blot Band erëmgewannen, wat och gelongen ass. 1940 koum dunn och dat nach méi grousst Scheff, Queen Elizabeth nei dobäi. Mat sengen 83.673 BRT ass et du bis 1996 dat gréisst Schëff vun der Welt bliwwen.
Am Zweete Weltkrich huet d'Reederei véier Passagéierschëffer an e puer Frachtere verluer; beim Ënnergank vun den zwee Passagéierschëffer, Lancastria a Laconia, hunn a jiddwerengem vun den zwéi Fäll méi wéi 2000 Mënschen hiert Liewe verluer.
An de 60er Joren huet Cunard op der Transatlantik-Route d'Konkurrenz vun der Aviatioun voll ze spiere kritt, wat Cunard gezwongen huet, hir zwee gouss Linneschëffer (Queenschëffer) aus dem Verkéier ze zéien. Déi nächst Schëffer, déi uschléissend gebaut goufen, QE2, Queen Mary 2 an Queen Victoria waren net méi fir de Linneverkéier, mä fir Croisièresaktivitéite bestëmmt, déi sech an den zwee leschte Joerzéngte ganz staark entwéckelt hunn. Net ze vergiessen, datt déi finanziell Bedeelegung vum amerikanesche Carnival-Konzern vill zur Stäerkung vu Cunard bäigedroen huet.
Schëffer
ännerenPassagéierschëffer (Transatlantik-Service)
ännerenJoer | Numm | Tonnage | Werft | Status/Schicksal |
1840 | Britannia | 1156 BRT | R. Duncan & Co., Glasgow | 1849 un déi Norddäitsche Bundesflott verkaaft |
1840 | Acadia | 1156 BRT | J. Wood & Co., Glasgow | 1849 un d'Norddäitsch Bundesflott verkaaft |
1840 | Caledonia | 1156 BRT | Smith & Rodgers, Glasgow | 1850 un déi spuenesch Marinn verkaaft |
1840 | Columbia | 1156 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1843 bei Seal Island (Halifax / Kanada) op Grond gelaf |
1843 | Hibernia | 1422 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1850 un déi spuenesch Marinn verkaaft |
1845 | Cambria | 1422 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1860 vun Italie kaaft an 1875 verschrott |
1848 | America | 1834 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1866 verkaaft, an e Seegelschiff ëumgebaut |
1848 | Canada | 1834 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1867 no Portugal verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut |
1848 | Niagara | 1834 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1866 verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut |
1848 | Europa | 1834 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1867 verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut |
1850 | Asia | 2226 BRT | R. Napier & Sons, Glasgow | 1867 verkaaft |
1850 | Africa | 2226 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1868 verkaaft |
1853 | Arabia | 2402 BRT | R. Steele & Co., Greenock | 1864 verkaaft |
1856 | Persia | 3300 BRT | R. Napier & Sons, Glasgow | 1868 verkaaft, an e Seegelschiff ëmgebaut |
1859 (1856) | Calabria | 2902 BRT | J. & G. Thomson Ltd., Glasgow | 1856: ex Australasian, E&A / 1859 Cunard / 1876 verkaaft |
1862 | Scotia (I) | 3871 BRT | R. Napier & Sons, Glasgow | 1878 verkaaft, an e Schëff, dat Kabele leet, ëmgebaut |
1862 | China | 2638 BRT | R. Napier & Sons, Glasgow | 1880 no Spuenien verkaaft, an "Magellanes" ëmbenannt |
1867 | Russia | 2960 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1880 un Red Star Line verkaaft an "Waesland" ëmbenannt |
1867 | Siberia | 2574 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1880 no Spuenien verkaaft, a "Manila" ëmbenannt |
1868 | Samaria (I) | 2574 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1902 außer Déngscht gestallt, verkaaft fir ze verschrotten |
1870 | Abyssinia | 3376 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1880 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent |
1870 | Parthia (I) | 3167 BRT | W. Denny & Bros., Dumbarton | 1884 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent |
1870 | Batavaia | 2553 BRT | W. Denny & Bros., Dumbarton | 1884 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent |
1874 | Bothnia (I) | 4557 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1898 ausser Déngscht gestallt, a verkaaft fir ze verschrotten |
1875 | Scythia (I) | 4557 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1898 ausser Dwengscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1879 | Gallia | 4809 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1897 un d'Beaver Line verkaaft |
1881 | Servia (I) | 7391 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1901 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1881 | Catalonia | 5588 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1901 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1882 | Cephalonia | 5588 BRT | Laird Bros. & Co., Greenock | 1900 verkaaft, an "Halior" ëmbenannt |
1882 | Pavonia | 5588 BRT | J. & G. Thomson & Co., Glasgow | 1900 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1883 | Araunia (I) | 7269 BRT | J. & G. Thomson, Glasgow | 1905 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1884 | Oregon | 7324 BRT | John Elder & Co. Ltd., Glasgow | 1884: fir Guion Line / 1884 u Cunard / 1886 ënnergang |
1885 | Etruria | 7718 BRT | John Elder & Co. Ltd., Glasgow | 1909 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1885 | Umbria | 7718 BRT | John Elder & Co. Ltd., Glasgow | 1910 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1893 | Campania | 12950 BRT | Fairfield S.B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow | 1914 un Royal Navy an Ëmbau an e Flugzeugträger |
1893 | Lucania | 12952 BRT | Fairfield S.B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow | 1909 zu Liverpool ausgebrannt a verschrott |
1898 | Ultonia | 10405 BRT | Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle | 1917 am Atlantik duerch U 53 torpedéiert an ënnergang |
1900 | Ivernia (I) | 14281 BRT | Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle | 1917 bei Griicheland duerch UB 47 torpedéiert an ënnergang |
1900 | Saxonia (I) | 14281 BRT | Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle | 1925 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1902 | Carpathia | 13603 BRT | Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle | 1912 Rettung vun den Titanic-Passagéier, déi iwwerlieft hunn / 1918 torpedéiert an ënnergang |
1903 | Slavonia | 10606 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1909 bei den Azoren ënnergang |
1904 | Pannonia | 10606 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1922 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1905 | Carmania (I) | 19687 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1932 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1905 | Caronia (I) | 19687 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1932 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1907 | Lusitania | 31550 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1915 bei Kinsale (Irland) duerch U 20 torpedéiert an ënnergang (1198 Doudeger) |
1907 | Mauretania (I) | 31938 BRT | Swan, Hunter & Co.Ltd., Newcastle | 1935 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1911 | Ascania (I) | 9111 BRT | Wigham Richardson & Co. Ltd., Newcastle | 1918 bei Cape Race (Kanada) ënnergang |
1911 | Franconia (I) | 18150 BRT | Swan, Hunter & W. Rich. Ltd., Newcastle | 1916 bei Fastnet (Kanal) torpedéiert an ënnergang |
1911 (1900) | Albania (I) | 7640 BRT | C.S. Swan & Hunter Ltd., Newcastle | 1900: ex Cairnrona, Cairn Line / 1911 Cunard / 1912 verkaaft |
1912 | Laconia (I) | 18150 BRT | Swan, Hunter & W. Rich. Ltd., Newcastle | 1917 bei Fastnet (Kanal) duerch U 50 torpedéiert an ënnergang |
1913 | Alaunia (I) | 13405 BRT | Scotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock | 1916 no Minentreffer ënnergang |
1913 | Andania (I) | 13405 BRT | Scotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock | 1918 am Äermelkanal duerch U 46 torpedéiert an ënnergang |
1914 | Aquitania | 45647 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1950 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1916 (1902) | Flavia | 9284 BRT | Palmer Bros. & Co. Ltd., Yarrow | 1902 für Uranium Line / 1916 u Cunard / 1918 torpedéiert an ënnergang |
1916 (1907) | Folia | 6560 BRT | Sir. J. Laing & Co. Ltd., Sunderland | 1907 fir Uranium Line / 1916 u Cunard / 1917 torpedéiert an ënnergang |
1916 (1891) | Feltria | 5254 BRT | W. Denny & Bros. Ltd., Dumbarton | 1891 fir Uranium Line / 1916 u Cunard / 1917 torpedéiert an ënnergang |
1917 | Aurania (II) | 13936 BRT | Scotts SB & Eng. Co. Ltd., Greenock | 1918 bei Schottland torpedéiert an ënnergang |
1920 (1913) | Berengaria (ex Imperator) | 52226 BRT | Blohm & Voss AG, Hamburg | 1913 fir Hapag / 1920 u Cunard / 1938 no engem Feier verschrott |
1921 | Albania (II) | 12768 BRT | Scotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock | 1930 u Libera Triestina S.p.A. verkaaft, an "California" ëmbenannt |
1921 | Scythia (II) | 20277 BRT | Vickers-Armstrong Ltd., Barrows | 1958 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1921 | Laconia (II) | 20277 BRT | Swan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle | 1942 bei Ascension torpedéiert an ënnergang und gesunken (2275 Doudeg) |
1922 | Samaria (II) | 20277 BRT | Cammell Laird & Co. Ltd., Birkenhead | 1956 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1923 | Franconia (II) | 20277 BRT | J. Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1956 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1924 | Servia (II) | 20277 BRT | Vickers-Armstrong Ltd., Barrows | 1924: Carinthia (II) / 1940 bei Irland duerch U 46 torpedéiert an ënnergang |
1922 | Andania (II) | 14040 BRT | Hawthorn, Leslie & Co. Ltd., Newcastle | 1940 bei Reykjavík torpedéiert an ënnergang |
1922 | Ausonia (II) | 14040 BRT | Vickers-Armstrong Ltd., Newcastle | 1942 un d'Royal Navy verkaaft, an ëmgaut als Wierkstats-Schëff |
1922 | Antonia | 14040 BRT | Vickers-Armstrong Ltd., Newcastle | 1942 un d'Royal Navy verkaaft an ëmgebaut als Wierkstatschëff |
1924 | Aurania (III) | 14040 BRT | Swan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle | 1942 un d'Royal Navy verkaaft, Ëmbau |
1925 | Ascania (II) | 14040 BRT | Swan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle | 1957 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1925 | Alaunia (II) | 14040 BRT | J. Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1944 un d'Royal Navy verkaaft, Ëmbau |
1924 | Lancastria | 16243 BRT | William Beardmore & Co. Ltd., Glasgow | 1940 bei St. Nazaire duerch dt. Bomber versenkt (2000 - 5000 Doudeg ?) |
1936 | Queen Mary | 80774 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1967 un d'Stad Long Beach verkaaft fir als Hotelschëff benotzt ze ginn |
1939 | Mauretania (II) | 35738 BRT | Cammell Laird Ltd., Birkenhead | 1965 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten |
1940 | Queen Elizabeth | 83673 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1970 un C.Y. Tung verkaaft / 1972 am Laf vun Ëmbauaarbechten ausgebrannt |
1948 | Parthia (II) | 13362 BRT | Harland & Wolff Ltd., Belfast | 1961 u New Zealand Ship. Co. Ltd. verkaaft, an "Remuera" ëmbenannt |
1948 | Media (I) | 13362 BRT | Harland & Wolff Ltd., Belfast | 1961 un Cogedar S.p.A. verkaaft, an "Flavia" ëmbenannt |
1949 | Caronia (II) | 34274 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1968 verkaaft |
1954 | Saxonia (II) | 21989 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1963 Carmania (II) / 1973 un d'Sowjetunioun verkaaft, an "Leonid Sobinov" ëmbenannt |
1955 | Ivernia (II) | 21989 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1963 Franconia (III) / 1973 un d'Sowjetunioun verkaaft, an "Fedor Shalyapin" ëmbenannt |
1955 | Carinthia (III) | 21989 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1968 un d'Sitmar S.p.A. verkaaft, an "Fairland" ëmbenannt |
1957 | Sylvania (II) | 21989 BRT | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | 1968 un d'Sitmar S.p.A. verkaaft, an "Fairwind" ëmbenannt |
1968 | Queen Elizabeth 2 | 70327 BRZ | John Brown & Co. Ltd., Clydebank | am Déngscht |
1971 | Cunard Adventurer | 14151 BRT | Rotterdamsche D.D. Mij. N.V.,Rotterdam | 1977 un d'Norwegian Cruise Line A/S verkaaft, an "Sunward II" ëmbenannt |
1972 | Cunard Ambassador | 14151 BRT | Rotterdamsche D.D. Mij. N.V.,Rotterdam | 1974 duerch e Feier schwéier beschädegt a verkaaft |
1975 | Cunard Countess | 17495 BRT | Burmeister & Wain AS, Kopenhagen | 2005 Lili Marleen - Croisièren |
1976 | Cunard Conquest | 17495 BRT | Burmeister & Wain AS, Kopenhagen | 1977 "Cunard Princess" / 1998 un Royal Olympic Cruise Line S.A. verkaaft, 1995 un MSC verkaaft, Rhapsody |
1983 (1973) | Vistafjord | 24292 BRT | Swan, Hunter Shipbuilders Ltd., Newcastle | 1973 fir NAL / 1983 u Cunard / 1998 "Caronia" (III) / 2005 verkaaft, Saga Ruby |
1983 (1965) | Sagafjord | 24002 BRT | For. et Ch. de la Mediterranée, La Seyne | 1965 fir NAL / 1983 u Cunard / 1996 verkaaft, Saga Rose |
1986 (1984) | Sea Goddess I | 4253 BRT | Wärtsila AB, Helsinki | 1984 fir Norske Cruise AS / 1986 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises |
1986 (1984) | Sea Goddess II | 4253 BRT | Wärtsila AB, Helsinki | 1984 fir Norske Cruise AS / 1986 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises |
1993 (1988) | Royal Viking Sun | 37845 BRZ | Wärtsila AB, Helsinki | 1988 fir RVL / 1993 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises |
2004 | Queen Mary 2 | 148528 BRZ | Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire | Am Déngscht |
2005 | Queen Victoria (I) | 84000 BRZ | Fincantieri S.p.A., Monfalcone | 2005 un P&O Cruises Ltd. iwwerdro, an "Arcadia" (III) ëmbenannt |
2007 | Queen Victoria (II) | 90000 BRZ | Fincantieri S.p.A., Monfalcone | Am Déngscht |
2010 | Queen Elizabeth (II) | 92000 BRZ | Fincantieri S.p.A., Monfalcone | Bestallt (2007) |
Frachtschëffer
änneren- ...
- ...
- ...
Literatur
änneren- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Säit vun der Cunard Cruise-Linn (en)
- Bewärtung vu Croisièresschëffer
- Websäit vum lëtzebuergesche Croisièresubidder Neptun-Kreuzfahrten
- Postkaarte vu Croisièreschëffer
Commons: Cunard Line ships – Biller, Videoen oder Audiodateien |