Crystal Cruise Lines, meeschtens bezeechent als Crystal Cruises, ass eng Linn mat Luxus Croisièresschëffer, déi 1988 gegrënnt gouf a mat hire mëttelgrousse Schëffer vun héijem Standard bekannt gouf. D'Linn gehéiert ganz der grousser japanescher Reederei Nippon Yusen Kaisha.

D'Passagéier vun der Crystal-Linn si ronn 85% amerikanesch Bierger, d'Hallschent dovu kënnt aus Kalifornien.

D'Crystal Schëffer goufe vun der Fachpress, Conde Nast Traveler als déi bescht Croisièresschëffer aklasséiert, aner Fachzäitschrëfte betruechte s'als Schëffer déi zu den 20 Top Schëffer an der Croisière Branche gehéieren. De Berlitz Guide bemängelt allerdéngs, datt se kee Single Sitting offréieren, dat heescht, datt Molzechten net an engem, mä a méi wéi engem Service zerwéiert ginn.

Flott änneren

D'Crystal Symphony (gebaut 1995) ass dat klengst vun deene zwee leschten an huet Plaz fir 940 Passagéier. D'Crystal Serenity (gebaut 2003) huet eng Capacitéit vun 1.050 Passagéier an eng Equipage vu 650 Persounen.

D'Crystal Harmony ass 2005 aus der Flott verschwonnen. No Restauratiounsaarbechten ass et un eng aner Gesellschaft vun der Grupp transferéiert ginn a fiert elo ënner dem Numm Asuka II fir Asuka Cruises.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Crystal Cruises – Biller, Videoen oder Audiodateien