Corsage ass eng éisträichesch-lëtzebuergesch-däitsch-franséisch Koproduktioun, e Film vun der Regisseurin Marie Kreutzer.

Corsage
Film
Produktiounsland Éisträich
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2022
Première 7. Juli 2022
Dauer 113 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Marie Kreutzer
Dréibuch Marie Kreutzer
Fotografie Judith Kaufmann
Musek Camille
Schnëtt Ulrike Kofler
Produzent Janine Jackowski,
Bernard Michaux
Produktiouns-
gesellschaft
Film Ag, Samsa Film, Komplizen Film, Kazak Productions
Schauspiller
Vicky Krieps
Florian Teichtmeister
Katharina Lorenz
Jeanne Werner
Alma Hasun
Manuel Rubey
Finnegan Oldfield
Aaron Friesz
Rosa Hajjaj
Lilly Marie Tschoertner
Bay Middleton
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat seng Première den 20. Mee 2022 um Filmfestival vu Cannes, wou en an der Selektioun Un certain regard gelaf ass, a koum zu Lëtzebuerg, no enger Avant-première den 2. September, de 7. September 2022 an de Kino.

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Elisabeth vun Éisträich-Ungarn, bekannt als Sisi, kritt 40 Joer. Si mierkt, datt hir Jugend a Schéinheet, fir déi se bewonnert gouf, lues a lues verschwënnt a freet sech wat an hirem Liewe wichteg ass...

Soss änneren

D'Vicky Krieps hat der Regisseurin d'Iddi vum Film ginn. Si ass och Executive Producer vum Film[1].

D'Dréiaarbechte waren am Mäerz an am Juli 2021 zu Wien, an Nidderéisträich an zu Lëtzebuerg[2].

2022 huet d'Vicky Krieps fir hir Roll vun der Sisi follgend Präisser gewonnen:

De Film selwer goug mam Lëtzebuerger Filmpräis 2023 fir déi bescht Koprouktioun ausgezeechent.

 
D'Schlass Aansebuerg, eng vun den Dréiplazen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Corsage Review. hollywoodreporter.com, 22.05.2022.
  2. Fiche op filminstitut.at, gekuckt 2022-05-24.
  3. Filmfestival vu Cannes: Vicky Krieps gëtt als bescht Actrice ausgezeechent. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-29.
  4. Die Croisette feiert Vicky Krieps mit einem Darstellerpreis. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-05-27). Gekuckt de(n) 2022-05-29.
  5. 28th Sarajevo Film Festival Awards.
  6. Winners of the 35th European Film Awards. europeanfilmawards.eu. Gekuckt de(n) 11.12.2022.
  7. Vicky Krieps wird von Europa gekrönt. Luxemburger Wort (10.12.2022). Gekuckt de(n) 11.12.2022.