Cook (Moundkrater)
Moundkrater
De Cook ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um südwestleche Rand vum Mare Fecunditatis, südëstlech vum Krater Colombo an nordëstlech vum Krater Monge.
Moundkrater Cook | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | -17,57° S |
Längt | 48,79° O |
Duerchmiesser | 45,16 km |
Déift | 1120m[1] |
Selenographesch Längt | 312° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | James Cook (1728–1779) |
Genannt am Joer | 1935 |
De Kraterrand ass erodéiert a bannen ass hie vun der Lava vum Mare opgefëllt.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 17,79° S, 49,18° O | 6 km | [1] |
B | 17,33° S, 51,6° O | 9 km | [2] |
C | 18,22° S, 51,25° O | 5 km | [3] |
D | 20,21° S, 53,35° O | 5 km | [4] |
E | 18,45° S, 55,07° O | 5 km | [5] |
F | 17,63° S, 55,34° O | 7 km | [6] |
G | 18,97° S, 48,66° O | 10 km | [7] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom engleschen Entdecker James Cook genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.