Constant de Muyser
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergeschen Eisebunnsingenieur. Fir den Nottär mam selwechten Numm, kuckt wgl. Constant de Muyser (Nottär). |
De Constant de Muyser, gebuer als Sébastian Philippe Léonard Constant de Muyser den 20. August 1851 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 19. Juni 1902 zu Köln, war en Eisebunnsingenieur an Numismatiker.
Constant de Muyser | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sébastian Philippe Léonard Constant de Muyser |
Gebuer |
20. August 1851 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
19. Juni 1902 Köln |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Numismatiker, Ingenieur |
Vun 1874 bis 1876 huet hie säi Studium op der Königlich-Rheinisch-Westphälischen Polytechnischen Hochschule zu Oochen gemaach, déi hie mat engem Ingenieursdiplom ofgeschloss huet. An där Zäit war hien ee ganz aktive Member am Studenteveräin Corps Montania zu Aachen.[1]
1878 koum hie bei d'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri, bei där hien 1888 "Chef de service de la traction et du matériel" zu Péiteng gouf.
Hien huet als akademesche Mentor 1890 bei der Grënnung vun der Amicitia Luxemburgensis am Stater Quartier Pafendall an 1897 bei der Grënnung vum Akademischer Verein d'Lëtzebuerger zu Ooche gehollef[2].
1896 war hie Matgrënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange.
De Constant de Muyser ass un engem Häerzschlag op enger Déngschtrees zu Köln gestuerwen[3].
Publikatiounen
änneren- Les rues de Luxembourg du 16e siècle par rapport à celles d'aujourd'hui, in: Publications de la Section Historique, tome 44, Lëtzebuerg, 1895
- Carte des chemins de fer et des bassins miniers de Longwy-Differdange-Belvaux et d'Esch-Rumelange-Dudelange (1: 10000)
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Franz Ludwig Neher: Das Corps Montania zu Aachen, 1872-1957, 1957, S. 114
- ↑ http://www.aachen.lu/avlhistory/personen/register/demuyser_constant/
- ↑ (de)Constant de Muyser am 19. Juni 1902. Ons Hémecht, 8. Jg., nº 7 Heft, p. 295 (01.07.1902). Gekuckt de(n) 22.08.2024.