D'Confrérie du Palmberg ass eng Vereenegung vun Oner Wënzer, déi sech als Zil gesat huet, d'Qualitéit vun hire Wäiner ervirzesträichen.
Si gouf den 13. Dezember 1984 gegrënnt. De Pällembierg, d'Symbol vun Ohn, ass e Wéngert, duerch deen och Fousstoure méiglech sinn.

Organigramm änneren

  • De Grousse Meeschter
  • Den Zeremoniemeeschter
  • Den Echiquiermeeschter
  • De Casse-Plume
  • De Receveur
  • De Stullmeeschter
  • Den Traditiounswiechter
  • Dräi Wiechter

Kleeder änneren

D'Membre vun der Confrérie droe bei Feieren déi fréier Sonndesfräck vun de Wënzer:

  • Stréihutt
  • riefgrénge Fischi
  • wäisst Hiem
  • Kellerschiertech ëm de Bauch

Emblème änneren

Dem Wënzer seng Hatt, déi iwwer Kräiz gedroen ass mat engem rout a bloe Band

Festlechkeeten änneren

Zwéi Chapitren; een am Fréijoer an een am Hierscht. Bei dëse Vollversammlunge ginn nei Memberen opgeholl.
Si trieden och am Ausland bei Wäifester op, an am Juli organiséiere si dat "Oner Wäifest".

Am Duerf ass e Caveau, en Degustatiounskeller mat Oner Wäiner, déi vun der Confrérie selektionéiert goufen.

Kuckt och änneren