Concours littéraire national 2023

De Concours littéraire national 2023 war ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gouf. En huet sech 2023 ëm Dréibicher fir Film (Fiktioun, Animatioun, Experimentalfilm) gedréint.

Auteuren, déi musse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 12. Juni 2023 déi vun hinne verfaasst Texter, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si konnten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn.[1]

Wéi virdru gouf et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 12 an 19 Joer, a fir déi méi al.

De Jury huet sech zesummen aus Eileen Byrne, Claude Kremer, Christiane Kremer, Viviane Thill a Claude Waringo zesummegesat.

D'Präisser goufen de 14. Dezember 2023 iwwerreecht.

Gewënner [2] änneren

  • 1. Präis: Dead Woman Waltzing vun der Janine Horsburgh;
  • 2. Präis: Le blanc immense vun der Jana Montorio;
  • 3. Präis: Aorta vun der Lena Junker.

Jonk Auteuren

  • 1. Präis: House of Illusions vun der Julia Ingersoll.

Referenzen änneren

  1. "Annonce du sujet du Concours littéraire national 2023." Communiqué op gouvernement.lu, 18.10.2022.
  2. "Annonce des lauréates du Concours littéraire national 2023" Communiqué op gouvernement.lu, 19.10.2023.