Concours littéraire national 2017

De Concours littéraire national 2017 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En huet sech 2017 ëm Erzielunge gedréint.

Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 30. Juni 2017 déi vun hinne verfaassten Erzielungen areechen, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht gi waren.[1]

Wéi virdru gëtt et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al.

Gewënner änneren

Den 1. Präis goung un d'Anja Di Bartolomeo fir hire Recueil Chamäleons. De Bernd Marcel Gonner krut den zweete Präis fir säi Sammelband Volk der Freien, an déi drëtte Plaz war fir der Elise Schmit hir Erzielungen Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen.

D'Claire Schmartz gouf fir hir Übertragungsneurosen mam 1. Präis an der Katagorie "Jeunes auteurs" ausgezeechent.[2]

Den nationale Literaturpräis gouf de 6. Dezember am nationale Literaturzenter zu Miersch iwwerreecht.

Referenzen änneren

  1. "Concours littéraire 2017" op gouvernement.lu.
  2. Résultats du Concours littéraire national 2017. Communiqué op gouvernement.lu, 10.11.2017.