D'Claire Schmartz, gebuer 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Iwwersetzerin a Journalistin.[1]

Claire Schmartz

2020 krut si eng Bourse vum Georges-Arthur-Goldschmidt-Programm für junge Literaturübersetzer:innen. Si lieft a schafft zu Berlin als literaresch Iwwersetzerin a fräi Journalistin.

Texter vun hir koumen ë. a. am Lëtzebuerger Land an an de Cahiers luxembourgeois eraus. 2022 huet si hiren éischte Roman, bug. 010000100101010101000111, publizéiert.

Auszeechnungen änneren

2017 krut si fir hir Erzielung Übertragungsneurosen den 1. Präis an der Katagorie "Jeunes auteurs" beim Nationale Literaturconcours.[2]


Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche Claire Schmartz op hydreditions.eu (gekuckt 2022-11-08).
  2. Résultats du Concours littéraire national 2017. Communiqué op gouvernement.lu, 10.11.2017.