Les Tartines ass eng Fielsformatioun am Dall vun der Ourthe um rietsen Uwänner vum Floss.

Les Tartines vun der Nationalstrooss aus gesinn

Dës Formatioun krut hiren Numm well ronn eng hallef Dose Leeë wéi Schmieren aus der Fielswand erauskucken.

Si sinn ze gesinn wann een iwwer d'Nationale 633 vu Comblain op Poulseur fiert op der rietser Säit vun der Strooss.

Ganz no dobäi kënnt ee wann een zu Pont de Scay duerch d'Rue de la Gare weider laanscht déi al Gare vu Comblain-au-Pont trëppelt. No ronn 100 Meter gesäit een déi éischt Tartine aus der Fielswand erauskucken.