De CloudSat ass en Äerdobservatiounssatellit vun der NASA fir d'Erfuerschung vun den Aflëss vu Wolleken an Aerosolen op d'Wieder an d'Loftqualitéit op der Äerd. De Satellit gehéiert zum Fuerschungsprogramm Earth Observing System (EOS), deen eng Rei Ëmweltsatellitten aschléisst.

CloudSat
Den Äerdobservatiounssatellit CloudSat
Typ Äerdobservatiounssatellit
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2006-016A
Apogeum 710 km
Perigeum 709 km
Bunnschréi 98,2°
Mass 848 kg
Bunn-Ëmlafzäit 98,8 min
Exzentrizitéit ?
Start 28. Abrëll 2006, 10:02 UTC
Startplaz Vandenberg Air Force Base, SLC-2W
Drorakéit Delta 7420-XC
Status aktiv
Start vun der Delta-II-Rakéit mam CloudSat a CALIPSO.

Missioun änneren

De CloudSat schafft an enger 700 km héijer, sonnesynchroner Ëmlafbunn a flitt mam Satellit CALIPSO an dräi weideren Ëmweltsatellitten (Aura, Aqua a PARASOL) a Formatioun. Déi fënnef Satellitte maachen zesummen den A-Train. Well de CALIPSO an de CloudSat als déi béid lescht Satellitte gestart goufen, hu si missen an d'Formatioun eragesat ginn. Dofir war d'Startfënster op engem Dag nëmmen eng Sekonn laang op. En Zäitverloscht konnt also net toleréiert ginn.

De CloudSat hätt, nodeem de Start schonn e puermol verréckelt gouf, den 21. Abrëll 2006 zesumme mam CALIPSO u Bord vun enger Delta-II-Drorakéit gestart solle ginn. Wéinst technesche Problemer mat der Kommunikatioun tëscht dem CALIPSO an der Buedemstatioun a Frankräich gouf de Countdown awer manner wéi eng Minutt virun der Zündung gestoppt. Weider Startversich hu misse wéinst dem Wieder oder aneren technesche Problemer ofgesot ginn.

Den 28. Abrëll 2006 um 12:02 MESZ goufen d'Satellitte schliisslech beim siwente Versuch gestart. 97 Minutte méi spéit gouf de CloudSat ofgetrennt an am Orbit ausgesat.

Ufank Juni 2006 goufe vun der NASA éischt Testbiller publizéiert. Si waren, obwuel si nach als Testbiller gegollt hunn, scho vill besser wéi all aner Profilbiller vu Wolleken.

De 4. Juli 2007 huet de CloudSat missen eng Bunnkorrektur maachen, fir dem iranesche Satellit Sinah-1 auszewäichen. De 7. Juli gouf mat enger weiderer Bunnkorrektur nees déi al Formatioun hiergestallt.

De 17. Abrëll 2011 hat de Satellit e Batterieproblem, sou datt de CloudSat keng Date sende konnt an nëmme nach am Sonneliicht gesteiert konnt ginn. Fir de Satellit Aqua net ze behënneren, huet de CloudSat missen aus dem A-Train erausgeholl ginn. Den 3. November konnt de CloudSat an den Daylight-Only-Operations-Zoustand (DO-Op) versat ginn, an deem hie voll funktiounsfäeg ass, soulaang hien am Sonneliicht ass. De 15. Mee 2012 huet de CloudSat nees seng Positioun am A-Train ageholl.

D'Missioun war am Ufank fir 22 Méint virgesinn, obwuel de CloudSat genuch Dreifstoff fir iwwer dräi Joer u Bord hat.

Cloud Profiling Radar änneren

De Cloud Profiling Radar (CPR) ass dat eenzegt wëssenschaftlecht Instrument u Bord vum CloudSat. De Radar schafft mat enger Frequenz vu 94 GHz a moosst d'Energie, déi vun de Wolleken zeréckgeworf gëtt an Ofhängegkeet vun hirer Distanz. Doraus kënne Réckschlëss op d'Zesummesetzung vun de Wolleke gezu ginn, z. B. ob Waasser oder Äis, dra sinn. Den CPR ass ongeféier 1000-mol méi empfindlech wéi de Radar vun engem normale Wiedersatellit a ka sou och ganz déck Wolleke mat staarke Reen- a Schnéifäll duerchdréngen an detailléiert analyséieren.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

 
Kënschtlerescht Bild vum CloudSat