Claude Michely
lëtzebuergesche Vëlossportler
De Claude Michely, gebuer den 8. Oktober 1959 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 1. November 2023[1][2], war e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Claude Michely | |
---|---|
Gebuer |
8. Oktober 1959 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 1. November 2023 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Cyclocrossfuerer |
1984 ass hien am Giro d'Italia matgefuer, huet 1985 un der spuenescher Vuelta deelgeholl a gouf am selwechte Joer den 3. op der Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu München. Fir seng Leeschtung dat Joer, gouf hien zum Sportler vum Joer gewielt.
De Claude Michely ass um nationale Plang mat zwielef Landesmeeschtertitelen hannereneen den erfollegräichste Cyclocrossfuerer.
De Michely war vun 1982 bis 1992 als Profi aktiv an ass a sechs Ekippe gefuer.
De Claude Michely, Jong vum Vëlossportler Johny Michely, ass op Allerhellegen 2023 wärend engem Vëlostour un engem Häerzschlag gestuerwen.
Palmarès
änneren- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 8. Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross zu Oss (NL)
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 3. Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross zu München
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 10. Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross zu Mlada Boleslav (Tch)
- 2. Lëtzebuerger Championnat op der Strooss
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 2. Lëtzebuerger Championnat op der Strooss
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 1. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
- 2. Lëtzebuerger Championnat am Cyclo-Cross
Kuckt och
änneren- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Raymond Conzemius | 1985 | Fonsy Grethen |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (de)Radsport-Szene trauert um Claude Michely. luxemburger-wort-online (2023-11-01). Gekuckt de(n) 2023-11-01.
- ↑ (lb)RIP: Claude Michely am Alter vu 64 Joer gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-01.