Raymond Conzemius
De Raymond Conzemius, gebuer de 6. Juni 1966 zu Esch-Uelzecht, ass e Sportsprofesser a fréiere lëtzebuergesche
Liichtathlet a Spezialist am Héichspronk.
Raymond Conzemius | |
---|---|
Gebuer | 6. Juni 1966 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Héichsprénger, Direkter, Techneschen Direkter |
Sportlech KarriärÄnneren
Mat Turnen huet hie seng sportlech Karriär ugefaangen, koum awer duerno duerch seng eeler Schwëster, déi am CA Fola lizenzéiert war, bei d'Liichtathletik. Dem Trainer Raymond Mores ass dem Raymond Conzemius seng gutt Sprongkraaft opgefall an huet hie bei den Héichsprong orientéiert.
Den 20. Juli 1983 huet hien um internationalen Cactus-Meeting mat 2,15 m dem Marc Romersa säi Landesrekord am Héichsprong egaléiert.
Um LASELs-Championnat, den 22. Mee 1984, huet de Raymond Conzemius mat 2,16 m en neie Landesrekord opgestallt. Dat selwecht Joer huet hien de Rekord nach bis op 2,20 m eropgeschrauft.
1984 ass hie vun der Lëtzebuergescher Sportpress zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt ginn.
Nodeem hien Enn 1980er an Ufank 1990er Jore vill mat Verletzunge geplot war, huet hien de Landesrekord 1995 nach eng Kéier op 2,22 m verbessert.
Berufflech KarriärÄnneren
De Raymond Conzemius war Sportsprofesser am Lycée Aline-Mayrisch a duerno bis 2020 Direkter vum Sportlycée, ier hien als techneschen Direkter an den COSL gewiesselt ass[1].
PalmarèsÄnneren
1983Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)
1984Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,18 m)
1985Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,10 m)
1986Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)
1994Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,11 m)
1995Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,08 m)
- 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,15 m)
1996Änneren
- 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,02 m)
1997Änneren
- 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,18 m)
GielchenÄnneren
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2007)[2]
Kuckt ochÄnneren
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Roland Jacoby | 1984 | Claude Michely |
ReferenzenÄnneren
- ↑ De Raymond Conzemius wiesselt vum Sport-Lycée bei de Comité Olympique. rtl.lu (17.07.2020). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ Remise de l'insigne de chevalier dans l'Ordre de la Couronne de Chêne 25-06-2007 op der Websäit vum Sportsministère