D'Claire Margareta Lademacher, gebuer den 21. Mäerz 1985 zu Filderstad an Däitschland, ass d'Fra vum Prënz Félix vu Lëtzebuerg. Si dréit dofir zanter hirëm Bestietnes den Titel Prinzessin vu Lëtzebuerg, vun Nassau a vu Bourbon-Parma.

Claire Lademacher
Gebuertsnumm Claire Margareta Lademacher
Gebuer 21. Mäerz 1985
Filderstadt
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Geschäftspersoun
Famill
Bestuet mat Félix vu Lëtzebuerg
Kanner Amalia vun Nassau, Liam vun Nassau, Balthazar vun Nassau

Déi Zwéi goufen de 17. September 2013 zu Königstein im Taunus (Hessen) an der Villa Rothschild bestuet. D'Hochzäit an der Kierch war den 21. September an der Basilika Sainte-Marie-Madeleine zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume am Departement Var a Südfrankräich.

De 15. Juni 2014 krut d'Koppel hiert éischt Kand, d'Amalia Gabriela Maria Teresa vun Nassau[1]

Den 28. November 2016 koum hiert zweet Kand, de Liam Henri Hartmut vun Nassau zu Genf op d'Welt[2].

Den 7. Januar 2024 koum dat drënnt Kand, de Balthazar Félix Karl vun Nassau an der Stater Maternité op d'Welt. [3]

Studium änneren

Si ass dat zweet Kand vum Grënner vun der Softwarefirma LHS, Hartmut Lademacher, a senger Fra Gabriele. No der Primärschoul zu Usingen ass si am Alter vun eelef Joer mat hiren Elteren an d'USA ausgewandert, wou se hire Secondaire an der Atlanta International School ugefaangen huet.

1999 ass se mat hirer Famill zeréck an Däitschland geplënnert, wou se an der Frankfurt International School weiderstudéiert huet, fir dann hir lescht zwee Joer Secondaire an der Schwäizer Privatschoul Collège alpin Beau Soleil z'absolvéieren. 2003 gouf se do mam "Prize of Excellency" ausgezeechent.

Si huet duerno eng Lizenz an internationaler Kommunikatioun op der American University of Paris gemaach, dunn hire Studium 2007 ënnerbrach fir Beruffserfarungen zu New York a München beim Condé Nast Verlag am Departement Publicitéit an zu Berlin bei IMG World als Projetsmanagerin ze sammelen. Si huet vun 2009-2011 am Bioeethik- a Mënscherechtsberäich am Kommunikatiounsdepartement vun der UNESCO geschafft, a goung 2011 op Roum fir do e Master a Bioeethik um Pontificio Ateneo Regina Apostolorum unzefänken. No hirem Ofschloss summa cum laude huet se decidéiert do en Doktorat iwwer déi eethesch Aspekter vun der Averständneserklärung bei Organspenden ze maachen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Nowuess um Haff: D'Prinzessin Amalia ass do." rtl.lu, Leschten Update: 16.06.2014, 08:44:39.
  2. Pressecommuniqué vum 6. 12. 2016
  3. (lb)D'Amalia an de Liam kruten e Bridderchen: De Balthazar Félix Karl, drëtt Kand vum Prënz Félix a senger Fra Claire, ass do. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-01-08.