City Shuttle (Lëtzebuerg)
De City Shuttle ass eng Navett mat engem autonome Minibus deen am Pafendall tëscht dem Lift, dem Funiculaire an dem Kierfecht um Sichehaff op enger Streck vun ca. 720 Meter hin an hier fiert.
De City Shuttle gëtt vun de Stater Bussen organiséiert a gouf am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2018 virgestallt. E fiert zanter dem 20. September 2018 an enger éischter Testphas vu sechs Méint op de Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg an dat all véierel Stonn, vu méindes bis freides tëscht mueres 7 an owes 9 Auer.
No dëser éischter Phas gëtt de Pilotprojet vun der Stad Lëtzebuerg bewäert an et gëtt gekuckt ob a wéi déi autonom Navett zukünfteg an der Stad benotzt kéint ginn.
De City Shuttle ass eng 100% autonom Hightech-Navett déi ouni Chauffer fiert an déi mat enger Abberzuel vu Sensoren an Echtzäit mat der Ëmgéigend interagéiere kann an dowéinst op der oppener Strooss fuere kann.
No eegenen Aussoe géif d'Stad Lëtzebuerg sech mam City Shuttle den Erausfuerderunge am Beräich vun der urbaner Mobilitéit stellen. De City Shuttle wier eng innovativ a gewot Mobilitéitsléisung déi déi nei Technologien ausnotzt, fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger an de Visiteure vun der Haaptstad ze verbesseren.
Um Spaweck
ännerenCommons: City Shuttle (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- France Clarinval, City Shuttle am City, November 2018, Säite 36-40
- Rita Ruppert, Autonomer Shuttle: Noch viel Luft nach oben, op wort.lu de 17. November 2018 an ënnert dem Titel „Vorführeffekt - Selbstversuch mit dem autonomen City Shuttle“ an der Drockversioun vum Wort de 17. November 2018, Säit 32