Cirey-sur-Vezouze ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.

Cirey-sur-Vezouze
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Lunéville
Kanton Baccarat
Postcode 54480
Gemengecode 54129
Koordinaten 48° 34’ 54’’ N
      06° 56’ 54’’ O
Fläch  1.639 ha
Bevëlkerung  1.794 (1999)

Cirey läit wéi den Numm et seet am Dall vun der Vezouze déi do duerch den Zesummelaf vum Val a vum Châtillon entsteet. Am Oste vu Cirey läit de Massif du Donon

D'Awunner vu Cirey nenne sech selwer Les Loups.

D'Uertschaft war fréier Besëtz vum Bistum Toul, a goung dunn 1286 un de Bistum Metz.

Cirey war de Sëtz vun der Zisterzienserabtei Haut-de-Seille déi do 1140 gegrënnt gouf, a 1789 zerstéiert gouf.

Cirey gouf 1552 u Frankräich ugeschloss.

Am Joer 1801 gouf do eng Glasmanufaktur opgeriicht, a Cirey ass Haaptuert vum Kanton zanter 1873.

Am Éischte Weltkrich wat Cirey vum éischten Dag bis den 11. November 1918 vun de Preise besat.

Fir dohin änneren

Cirey-sur-Vezouze ass mam Auto eng 200 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech; d'Streck féiert iwwer Metz an Nanzeg.

Nopeschgemengen änneren

Leit déi mat der Uertschaft ze dinn hunn änneren

  • De Charles Thomas, Ënneroffizéier an der franséischer Arméi virum Zweete Weltkrich, an am Krich ee vun den Haaptleit an der FFI, gouf am Bësch vu Cirey vun der Gestapo higeriicht. E Stèle op der Plaz, wou hie mat 3 Komeroden erschoss gouf, erënnert dodrun.

Kuckeswäertes änneren

  • Déi neoklassesch Kierch St. Bernard vun 1839 mat der Uergel vun 1883.
  • D'Reschter vun der Abtei Haute-Seille an d'Ruine vun der Fass vun der Kierch aus dem 12. Joerhonnert déi als historescht Monument klasséiert sinn.
  • D'Reschter vum Schlass aus dem 18. Joerhonnert an de Schlasspark.

Kuckt och änneren