Chronologie vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich
Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gouf vu 1775 bis 1783 tëscht den 13 Kolonie vun Nordamerika an hirer Metropol, Groussbritannien, ausgedroen. Dës Chronologie soll Iech en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Evenementer vun deem Krich ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.
- : D' 7. JuniSchluecht vu Bunker Hill ass déi éischt wierklech Schluecht am Onofhängegkeetskrich. Et ass eng Victoire fir d'Englänner, mä d'heroesch Verdeedegung vun den Opstännegen huet dozou bäigedroen, hir Moral méi staark ze maachen.
- 2.-3. Mäerz: Schluecht vun Nassau a Schluecht vu Yamacraw Bluff.
- : 8. JuniSchluecht vun Trois-Rivières (Québec) tëscht den Opstännege vun den Dräizéng Kolonien an der Arméi vum Kinnek vu Groussbritannien.
- : 4. JuliAmerikanesch Onofhängegkeetserklärung vum Thomas Jefferson.
- 27. August: D'Brite gewannen d'Schluecht vu Long Island.
- 16. September: D'Brite landen zu Kip's Bay an an de follgenden Deeg kënne si d'Schluecht vun den Harlem Heights fir sech entscheeden.
- 21. September: E Brand zerstéiert e Véirel vun New York.
- 11. Oktober: Schluecht vu Valcour Island.
- 18. Oktober: Schluecht vu Pell's Point mat enger marginaler amerikanescher Victoire.
- 28. Oktober: Schluecht vu White Plains mat enger brittescher taktescher Victoire.
- 16. November: D'Brite kënnen de Fort Washington erueweren, wat hinnen d'Kontroll iwwer New York erméiglecht.
- 14. Dezember: Iwwerfall vu Geary.
- 26. Dezember: D'Brite verléieren d'Schluecht vun Trenton (Delaware).
- 30.000 däitsch Zaldote goufe vun de Britten engagéiert, fir géint d'Kolonisten ze kämpfen.
- Um Enn vum Joer ass d'militärescht Gléck op der Säit vun de Britten.
- De La Fayette offréiert dem amerikanesche Kongress säi Service.
- : Victoire vum 3. JanuarGeorge Washington zu Princeton
- 20. Januar: Schluecht vu Millstone.
- 13. Abrëll: Schluecht vu Bound Brook.
- Juni: E Fändel mat de Stären ass dat neit Zeeche vun den amerikaneschen Arméien.
- De brittesche Generol Howe eruewert d'Stad Philadelphia.
- Oktober: Schluecht vu Saratoga: No enger brittescher Néierlag ass Frankräich bereet, Groussbritannien de Krich z'erklären, wat um Ufank vu 1778 geschitt.
- : 7. OktoberSchluecht vun de Bemis Heights.
- Dezember: D'amerikanesch Arméi ass zu Valley Forge.
- : E Frëndschafts-, Allianz- an Handelstraité gëtt tëscht Fransousen an Amerikaner ënnerschriwwen. D'Amerikaner kënne mat Truppenënnerstëtzung an der franséischer Krichsflott rechnen. 6. Februar
- 30. Juni: Schluecht vun Alligator Bridge mat enger brittescher Victoire.
- 27. Juli: Éischt Schluecht vun Ushant.
- 27. September: Massaker vu Baylor.
- 15. Dezember: Schluecht vu St. Lucia.
- : 6. JuliSchluecht vu Grenada mat enger franséischer Victoire.
- 21. September: Schluecht vu Baton Rouge.
- 16. Januar: Brittesch Victoire an der Schluecht vum Kap St. Vincent.
- 17. Abrëll: Schluecht vun der Martinique ouni klore Gewënner.
- Holland erkläert Groussbritannien de Krich.
- En Expeditiounscorps ënner dem Fransous Rochambeau kënnt zu Newport un.
- Mee: D'Britten erueweren Charleston, a kënne 5.000 amerikanesch Zaldoten zu Camden zur Kapitulatioun zwéngen.
- 16. Mäerz: Schluecht vum Kap Henry mat enger taktescher Victoire fir d'Fransousen.
- 29.-30. Abrëll: Schluecht vu Fort Royal ouni klore Gewënner.
- : 5. SeptemberFrankräich gewënnt d'Schluecht vun Chesapeake.
- 19. Oktober: D'Brite verléieren d'Schluecht vu Yorktown.
- 25. Oktober: Schluecht vun Johnstown.
- 12. Dezember: Zweet Schluecht vun Ushant.
- 25. Januar: Franséisch Victoire an der Schluecht vu St. Kitts.
- 9.-12. Abrëll: Schluecht vun de Saintes.
- 20. Oktober: Schluecht vum Kap Spartel ouni klore Gewënner.
- : 5. SeptemberTraité vu Paräis an Enn vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.